Dossier Pressehëllef bleift zouALJP gëtt net an der Mediekommissioun gehéiert

Pit Everling
D'Aussoe vum Roger Infalt op der RTL-Antenn bloufen net ouni Reaktioun.

Et gesäit net dono aus, wéi wann d’Journalistenassociatioun nach emol am Dossier Pressehëllef géing gehéiert ginn. An der parlamentarescher Mediekommissioun gouf en Dënschdeg dogéint gestëmmt, fir nach emol mat der ALJP ze schwätzen. Wa mer d’Leit héieren, dann ass et fir konkret Propositiounen unzehuelen an den Text ze änneren an da fänke mer rëm vu vir un, esou de Kommissiounspresident Guy Arendt am RTL-Interview.

Mir musse mat Amendementer virun de Conseil d’état goen. De Projet ass zu Bréissel deposéiert fir den Avis, ob et eng aide étatique ass oder net. Dat misst een dann zeréckzéien. Da si mer also wäit fort an dat ass net onbedéngt am Interêt vun der Press an de Journalisten.

Guy Arendt

Dat wier awer net onbedéngt am Interêt vun der Press a vun de Journalisten. Et wier mat allen Acteure geschwat ginn an et wier sou wäit alles gesot. Allerdéngs kéint een driwwer nodenken, fir no 2 Joer eng Evaluatioun ze maachen, sou den DP-Deputéierte Guy Arendt weider. E Freideg soll de Rapport an der zoustänneger Kommissioun gestëmmt ginn.

En Dënschdeg de Moien hat d’ALJP sech op der RTL-Antenn onzefridde mam Gesetzprojet iwwer d’Pressehëllef gewisen. De Generalsekretär Roger Infalt hat ënner anerem bedauert, datt d’Hëllefen erofgesat gi wieren an datt d’Mediekommissioun net mat der ALJP wéilt schwätzen.

De Mike Koedinger, Chef vum Editiounshaus Maison Moderne stäipt der ALJP an dëser Saach iwwerdeems net de Réck. Hie wonnert sech op de sozialen Netzwierker, datt de Roger Infalt Lektiounen iwwer Demokratie erdeelt, woubäi et grad d’ALJP wier, déi en oppene Bréif un d’Mediekommissioun verschéckt, ouni mat hire Membere geschwat ze hunn. An deem Bréif géing kengesfalls d’Meenung vun de de Journaliste-Membere matgedeelt ginn, ma héchstens déi vum Exekutivbüro. Schonn an der Vergaangenheet wier den Duo Ines Kurschat/Roger Infalt duerch Alleingäng am Numm vum Conseil de Presse opgefall, sou de Mike Koedinger.

Sou Initiative wieren ze bedaueren, well jiddereen am Secteur wéisst, wéi urgent d’Reform vun der Pressehëllef wier, fir der struktureller Kris entgéintzewierken.

Maison Moderne gëtt jo de Paperjam eraus. Zesumme mat 3 aneren Editeuren hat een d’lescht Woch e Positiouns-Pabeier publizéiert, fir de Gesetzprojet ze ënnerstëtzen.

Reaktioun um Dënschdeg den Owend vun der CSV

Mehrheitsparteien weigern sich, die Vertreter der Presse in der Medienkommission anzuhören

Die Reform des Pressehilfegesetzes kündigt sich vielversprechend an: Den Medienhäusern werden nach Inkrafttreten des Gesetzes zusätzliche Finanzmittel zustehen und das Gesetz wird die Zukunft des Journalistenberufes wesentlich bestimmen.

Im Laufe der parlamentarischen Arbeiten wurde die Gesetzesvorlage derart verändert, dass die CSV der berechtigten Forderung der „Association luxembourgeoise des journalistes professionnels” (ALJP) nachgekommen ist, die Vertreter des Journalistenverbandes in der zuständigen parlamentarischen Medienkommission anzuhören. Diese CSV-Forderung wurde von den Mehrheitsparteien DP, LSAP und Déi Gréng durch Votum abgelehnt.

Für die CSV-Abgeordnete Diane Adehm ist dies absolut unverständlich: „Diese ablehnende Haltung von Blau-Rot-Grün ist unvereinbar mit einem modernen Demokratieverständis, in dem auch die Presse eine zentrale Rolle spielt.”
„Die CSV setzt sich für Transparenz ein”, sagt Viviane Reding, Vize-Präsidentin der Medienkommission. „Die Mehrheitsparteien verstecken sich lieber hinter Prozeduren und verschlossenen Türen.”

Mitgeteilt von der CSV-Fraktion (15. Juni 2021)

RTL Invité Roger Infalt

Back to Top
CIM LOGO