Zu Jonglënster soll en neien, medezineschen Zenter entstoen, wou Spezialisten e Cabinete solle kréien.

Eng Policlinique ass geplangt, grad wéi e Radiologie-Zenter, wou een also kéint eng Röntgen, e  Scanner oder en IRM maachen. Nach gëtt et dofir awer keng Erlabnis vum Ministère. Ferm Kritik gouf et och scho vun der AMMD, der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren am Land.

HRS, also d’Hôpitaux Robert Schuman, géifen den Zenter bedreiwen an déi hunn en Dënschdeg den Owend d’Dokteren aus der Gemeng informéiert.

HRS Jonglënster / Carine Lemmer

Bis dee Moment haten d’Dokteren aus der Gemeng hir Informatioune just aus der Press. En Dënschdeg den Owend du konnte si perséinlech de Responsabele vum Spidolsgrupp Robert Schuman nolauschteren an haten d’Méiglechkeet, Froen ze stellen.

Eng hallef Dosen Doktere ware komm, wat soll op Jonglënster kommen? Dat ass déi grouss Fro. Dat, wat de Ministère erlaabt, äntwert den Dr Marco Hirsch vun den HRS an zoustänneg fir d’Entwécklung vum Projet:

Mir mussen einfach ofwaarden, wat de Gesondheetsdësch decidéiert, a wéi ee sech dat virstellt a wéi eng Autorisatiounen e gewëllt ass, ze ginn. An da wësse mer, wat mer hei kënnen opriichten.

De Ministère muss also nach d’Erlabnis ginn, fir sou en Zenter. An eréischt da weess ee genee, wat méiglech ass.

HRS huet awer schonn eng Virstellung, wat kéint opgeriicht ginn:

Mir wëlle sou vill wéi méiglech spezialiséiert Dokteren heihinner kréien, fir d’Versuergung am Osten esou ze maachen, datt d’Medezin bei d’Leit kënnt an d’Leit net musse bei d’Medezinner goen.

Déi zweet Saach: mir géife gären technesch Infrastrukturen opriichten. Et ass vill iwwer IRM, Röntgen a sou weider geschwat ginn. Dat géife mer och gären iwwer d’Klinik hei installéiere loossen. Mir hunn eng Virstellung fir hei eng Zort Policlinique opzeriichten, wou och eng Rei technesch Saache kënne gemaach ginn. An och wou ee kann Urgencen opfänken, déi de Moment am Osten net kënne versuergt ginn.

Déi spezialiséiert Doktere solle Partner ginn, Co-Proprietären. D'Leit sollen net stonnelaang an enger Urgence waarden, erkläert den Dr. Hirsch.

D’Dokteren aus der Gemeng, déi op de Rendezvous komm waren, versti lo besser, wat geplangt ass, fënnt d’Orthopedin Dr Stefanie Kirsch:

Wenn man niedergelassen ist in einer kleinen Gemeinde und es heißt dann plötzlich, es kommt ein großes Zentrum, da macht man sich erstmal Sorgen, ob das eine Konkurrenz sein kann. Aber Dr Hirsch hat das heute sehr gut erklärt und die Sorge ist genommen.

Och fir den Dr Jorge Batista, Generalist zu Jonglënster, kéint sou en Zenter eng Beräicherung fir déi ganz Géigend sinn:

Wa pluridisciplinaire geschafft gëtt a jidderee matagebonne gëtt aus dem Eck, dann ass et definitiv en Atout fir d’Gesellschaft hei am Eck. Ech menge schonn, datt dat complementaire ka sinn. Et kann awer och als Konkurrenz ugesi ginn, dat hänkt dovunner of, wéi et schlussendlech dono vun den Installatiounen hir ass an och ob mer vläicht als Ekipp kënnen zesummeschaffen.

D’Gemeng Jonglënster stellt den Terrain, och Parking soll gebaut ginn, präziséiert de Buergermeeschter Romain Reitz.

D’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren, d’AMMD, ass awer scho Stuerm gelaf géint de Projet. D’Kommunikatioun war villäicht net gutt, mengt den Dr Hirsch:

D’Fondatioun [HRS] ass e Bauhär an der Partnerschaft mat den anere Bauhären wéi d’Spezialisten. Awer et ass net esou, datt d’Fondatioun hei de Gestionnaire ass an alles schmäisst. Ech mengen, dee Message ass falsch verstane ginn, an dofir ass déi Reaktioun och sou hefteg vun der AMMD komm.

Wéi gesot, nach gëtt et keng Autorisatioun fir den Zenter. Bis d’Enn vum Joer soll de Gesondheetsdësch ofgeschloss sinn an den nationale Gesondheetsplang virleien.