Médecins du Monde huet e Méindeg op d'Joer 2020 zeréck gekuckt. E Joer wat keen einfacht war.

Et ass inacceptabel, datt et zu Lëtzebuerg Persoune gëtt, déi keen Accès op eng medezinesch Versuergung hunn. Dat verstéisst géint d'Mënscherechter. Dat war den Haaptmessage e Méindeg vun der ASBL Médecins du Monde, wéi se hire Bilan vum Joer 2020 presentéiert hunn. Mat Hëllef vu Benevollen a Spende soignéieren d'Weltdokteren déi Äermst aus der Gesellschaft. Mënschen, déi net sozial verséchert sinn oder deenen d'Sue feelen, fir beim Dokter virzebezuelen. D'Raphaëlle Dickes war mat enger Ekipp op den Terrain.

Bilan Médecins du Monde / Reportage Nadine Kremer

770 Persounen hunn d'lescht Joer bei Médecins du Monde hei am Land Hëllef gefrot. D'Clientèle kënnt aus engem sozial schwaache Milieu. De Gros lieft ënner der Aarmutsgrenz, huet keng fix Wunneng an ass eleng.

Bilan Médecins du Monde / Reportage Nadine Kremer

Fir sech dem Kontext vun der Pandemie unzepassen, hunn d'Médecins du Monde 2020 hir Servicer diversifizéiert an nieft allgemengen a spezialiséierte Soinen, sou wéi psychescher Hëllef, och zum Beispill Iessensratioune verdeelt an Teleconsultatiounen ugebueden. Dat huet d'Organisatioun op der Presentatioun vun hirem Joresrapport erkläert.

115 Benevollen hunn d'lescht Joer zesumme ronn 2.400 Consultatioune gemaach. 97% vun de Clienten hunn eng éischt Kéier medezinesch Hëllef bei der Organisatioun gesicht. D'Sylvie Martin, Direktesch vu Médecins du Monde, betount awer, dass sech en neien Trend weist:

On se rend compte que de plus en plus on soigne des personnes sur la durée, c'est-à-dire que ce sont des personnes qui reviennent plusieurs fois chez Médecins du Monde. Donc on s'aperçoit que d'année en année cette partie augmente dans la proportion des personnes et donc plus d'une personne sur trois était déjà connue de nos services avant 2020.

D'Clientèle sinn zu 78% Männer. Déi meescht kommen aus Rumänien oder Marokko. Mat 9% sinn och vill Lëtzebuerger drënner. Iwwer d'Hallschent vun deenen, déi Hëllef sichen, sinn Europäer. Se hunn tëscht 6 an 78 Joer a kommen aus engem sozial schwaache Milieu. Mat 78% huet de Gros keng Sozialversécherung.

Donc c'est vraiment ces trois caractéristiques qui caractérisent notre population : pauvre, seule et mal logée. Aussi du fait que du coup, elles n'ont souvent pas d'adresse officielle au Luxembourg. Pas d'adresse officielle dit : pas du tout accès à l'aide sociale.

Ronn 40% vun de Patiente koumen d'lescht Joer wéinst chronesche Krankheeten. Fir hinnen déi beschtméiglech Behandlung ze erméiglechen, baut Médecins du Monde hire Reseau stänneg aus: D'Partenariater mat Spideeler a Spezialisten, déi d'Patienten an hire private Cabinete behandelen, ginn ausgebaut.

D'lescht Joer wiere 600 Rendez-vouse geholl ginn. Bal d'Hallschent dovu war fir bei den Zänndokter, esou den David Pereira, Responsabele vun den nationale Programmer.

Niewent der Dentisterie ass déi grouss Aktivitéit d'Psychologen. Et war net einfach, fir do Léisungen ze fannen. Wéi kënne Psychologen deene Leit hëllefen. Mat Telefon, mat Skype ... mir hu wierklech ganz vill Saachen ausprobéiert. Awer och um Terrain, well ech mengen, et ass interessant Kontakt ze hunn iwwer Zoom oder Skype, mee oft ass awer de mënschleche Kontakt immens wichteg.

D'lescht Joer gouf eng mobil Ekipp zesummegesat, fir d'Leit op der Strooss ze testen an hinnen Hëllefskitte mat zum Beispill Masken an Iessenratiounen auszedeelen. D'Wanteraktioun gouf bis den 30. Juni verlängert. Fir déi fënnefte Kéier hunn d'Médecins du Monde och eng Campagne fir d'Grippeimpfung gemaach.

An de leschte sechs Joer hunn d'Médecins du Monde ronn 2.750 Persoune soignéiert. Hir Fuerderung ass, dass jiddereen Accès fir Soinen an am aktuelle Kontext och fir eng Corona-Impfung kritt.

D'Organisatioun huet am Kader vun hirer Wanteraktioun 67 Persoune geimpft. 30 weider Persounen hu sech ageschriwwen, mee den Ament nach keng Impfung en vue, wëll se keen Accès zu Soinen hunn.