Vertrieder aus dem Spidols- a Fleegesecteur gesinn aktuell kee Besoin fir eng Impfflicht fir d'Mataarbechter.

D‘Impfbedeelegung beim Personal an de Spideeler läit bei ronn 70%.

Déi lescht offiziell Daten, déi der Copas virleien, ginn zréck op den 10. Juni. Deen Ament louch den Impftaux beim Personal an de Reseaue bei 51% an an den Alters- a Fleegeheemer bei ronn 61%.

Et misst een déi Zuelen allerdéngs mat Virsiicht gesinn, well och administratiivt Personal géif matgerechent ginn, Leit, déi ausserhalb vu Lëtzebuerg geimpft goufen, dogéint net.

Et wier ee momentan nach ëmmer an der Philosophie vun der Iwwerzeegungsaarbecht. En plus wieren net geimpfte Mataarbechter jo elo gesetzlech verflicht, sech 3 Mol d’Woch op eng Coronainfektioun testen ze loossen.

Et gëtt am Secteur op d’Conscience professionelle gesat. Déi Responsabel sinn der Meenung, datt d’Mataarbechter sech dach misste bewosst sinn, dass se mat enger Impfung net nëmme sech selwer géife schützen, mee se och eng Responsabilitéit géigeniwwer der Kollektivitéit a virun allem vulnerabele Leit hätten.