Et gesäit deemno sou aus, wéi wann d'CSV déi penibel Affär net sou séier lass gëtt, wéi se sech dat no der Wiel vun der neier Partei-Spëtzt gewënscht hätt.

Aus engem Dokument, dat eis virläit, geet ervir, dass sech och déi deemoleg CSV-Vizepresidentinnen Elisabeth Margue a Stéphanie Weydert, den deemolege Generalsekretär Félix Eischen an ee fréieren Tresorier musse viru Geriicht veräntwerten.

Duerch hir Mandater an der Partei stounge si nämlech och un der Spëtzt vun der ASBL a sollen iwwer den ominéisen Aarbechtskontrakt tëscht der ASBL an dem Frank Engel informéiert gewiescht sinn.

Domadder sinn am Ganze 6 Persoune wéinst "faux et usage de faux", Bedruch an Abus de confiance ugeklot. De Prozess ass eisen Informatiounen no op 3 Deeg ugesat a géif den 19. Oktober ufänken.

Mam Stéphanie Weydert an Elisabeth Margue stinn nämlech zwou Politikerinnen deen Ament virun de Riichter, déi zum neien Team Wiseler gehéieren an u sech hëllefe sollten, no vir ze kucken. Si an déi aner Concernéiert hate sech ze Lescht als Affer vum Frank Engel duergestallt.

De Parquet hat virun engem Mount no enger RTL-Nouvelle offiziell annoncéiert, dass d'Enquête wéinst dem Frëndeskrees-Kontrakt vum fréiere Parteipresident vun der gréisster Oppositiounspartei an Héicht vu 40.000 Euro ofgeschloss ass. Wat de Remboursement vu Sozial-Bäiträg aus der Partei-Keess betrëfft, ass dat bis elo net de Fall.