Gamma-Variant aus Brasilien ass mat 72,4% dominant am Grand-Duché

© Didier Weber / RTL (Archiv)
Dat geet aus dem ReViLux-Rapport ervir, deen den LNS e Freideg publizéiert huet. D'Delta-Variant huet dogéint nach knapp 25,4% ausgemaach.
Just nach 1 Prozent vun der Alpha-Variant huet den LNS d'lescht Woch bei 637 duerchgefouerte Prouwe sequenzéiert. A ville Länner an Europa ass d'Delta-Variant, déi di am meeschte verbreet ass. Och hei am Land war dëst virun 2 Woche mat 60 Prozent nach de Fall. Lo heescht di predominant Variant awer Gamma. Wat villäicht deen een oder anere Bierger verwonnert huet, ass fir den Epidemiolog vum LNS Joel Mossong eigentlech keng Iwwerraschung. Seng Erklärung dofir:
"Di sinn drop zeréckféieren un dee grousse Cluster, deen deemools explosiounsaarteg no Nationalfeierdag opgetrueden ass. A wou déi meescht Fäll, déi do am Zesummenhang sti mat deenen Aktivitéiten, déi um Virowend vun Nationalfeierdag awer och nach e bëssen dono waren, déi ebe vun der Gamma-Variant ausgeléist goufen."
E Superspreader-Event kéint also den Ursprong sinn. Datt et elo d'Gamma-Variant ass, déi sech ausgebreet huet, wier awer wuel Zoufall. Och all aner Variant wier méiglech gewiescht.
Eis ass lo prinzipiell nach näischt Spezielles do opgefall, wat drop hindeite léisst, dass d’Virulenz do méi schlëmm wier. Dat gesäit een och an de Chiffere vun den Hospitalisatiounen, déi lo do sinn. Déi awer an deem Beräich sinn, deen ee sech erwaart hat. Och vun deene Varianten, déi virdrun zirkuléiert sinn. Also am Moment gesi mer awer eppes, wat an deem Beräich läit, datt ee sech erwaart hätt, vu dat jo awer relativ vill Fäll an deene leschten 2 Woche waren."
D'Impfstoffer géingen awer, vun deem wat den Ament bekannt ass, alleguerten an ongeféier selwecht géing déi verschidde Variante schützen. D'nächst Woch kéint d'Bild vun de Varianten, déi zu Lëtzebuerg fonnt goufen, da schonn erëm anescht ausgesinn. Nach eng Kéier de Joel Mossong:
"Mir gi schonn dovunner aus, datt den Delta, awer well een dat jo och am Ausland esou gesäit, d'Virhand erëm wäert kréien. Dat deen erëm wäert dominant ginn. Datt dat hei elo e Cluster ass. Mee et gesäit ee jo awer, datt d’Chifferen och zu Lëtzebuerg elo iwwert déi lescht Woch sech stabiliséiert hunn. A mir hunn och gesinn, datt d’absolut Zuel vun de Fäll vun Delta och an d’Luucht ginn. Sou dat mir awer mengen, datt an 2 Wochen den Delta erëm wäert dominant sinn, wa mer dee Cluster do a Kontroll behalen."
Lëtzebuerg ass awer trotzdeem net dat eenzegt Land, wou et esou Clustere ginn. Och an Holland sinn zum Beispill no Partyen oder Festivallen grouss Ausbréch vun der Gamma-Variant festgestallt ginn.
De Communiqué
In der Woche 26/2021 wurde die Variante P.1 (Gamma) mit einer Gesamthäufigkeit von 72,4% in allen sequenzierten Proben dominant, gefolgt von der Variante B.1.617.2 (Delta) mit 25,4% und der Variante B.1.1.7 (Alpha) mit 1,1%.
Die Gesamtzahl der in der Woche durchgeführten Sequenzierungen betrug 637, wobei 540 Proben im Zeitrahmen der Woche 26/2021 gesammelt wurden. Die Sequenzierabdeckung von Woche 26 lag bei 65,1 % aller positiven Fälle in Luxemburg.
Der aktualisierte ReViLux-Bericht (Überwachung von akuten Atemwegsinfektionen) wurde soeben auf der Webseite vom LNS veröffentlicht: https://lns.lu/departement/microbiologie/revilux/
Das Update wird von nun an jeden Freitag veröffentlicht.