
De Rekord vum leschte Joer un agereechte Petitioune gouf dëst Joer zwar net gebrach. Wäit ewech war een awer net. 271 Petitioune goufen iwwert déi lescht 12 Méint ugemellt, 7 dovun hunn de Seuil vu 4.500 Signatairen depasséiert an hunn et an d’Chamber gepackt.
Sechs dovu goufen och schonn debattéiert. Ma déi, déi bis ewell am meeschte vum Public diskutéiert gouf, déi, déi 2 Deeg Aarbechtsdispenz pro Mount fir Fraen, déi hir Deeg kréien, freet, gouf an den Hierscht verréckelt.
D’Sujete vun de Petitiounen awer hu sech iwwert déi lescht 12 Méint verännert, esou d’CSV-Deputéiert a Presidentin vun der zoustänneger Kommissioun, Nancy Kemp-Arendt.
Wou virdrun éischter d’Ëmwelt an d’Mobilitéit am Fokus stoung, huet een elo ganz kloer gemierkt, datt d’Gesondheet, d’Famillen an déi finanziell Situatioun vum Stot op éischter Plaz stinn.
Hei gëtt et virun allem en décke Plus vu bis zu 30 Prozent bei der Onzefriddenheet bei der Santé a Problemer, déi sech ronderëm d’Famillen dréinen. Och zum Sujet Logement goufe méi Petitiounen ewéi nach déi Jore virdrun ageschéckt. Top-Thema awer bléift den Homeoffice.
Eng Petitioun, déi mer extrem dacks dëst Joer erakritt hunn, ass déi vum Teletravail. Et war d’Fuerderung, dee gesetzlech ze verankeren.
D’Petitionären hätten dacks, och wann de Seuil net onbedéngt areecht gouf, d’Chance kritt, sech face-à-face mat der Chamber oder Responsabelen zesummenzesetzen, fir Léisungen ze sichen.
De Pappendag-Congé vun 10 Deeg, deen agefouert ginn ass, war eng Petitioun. 3 Prozent TVA op den Hygiènesartikele war eng Petitioun aus dem Joer 2016 an ass och an de Regierungsprogramm mat agebaut ginn. An elo déi rezent Annonce vun de gratis Tamponen an Hygiènesartikelen op den Toiletten, ass och eng Petitioun gewiescht.
Duerch den neie Site petiounen.lu géif d’Prozedur, fir eng Petitioun ze starten, weider vereinfacht ginn. Déi lescht Méint wieren esou manner Ufroen, duerch Feeler, als net valabel klasséiert ginn.