Grouss an onerwaarten Erausfuerderungen an der Pandemie

© RTL Archiv
D'Stëmm ass d'ganzt lescht Joer iwwer opbliwwen, och wa Villes anescht huet misste lafen....dat spigelt sech och am Aktivitéitsrapport erëm...
D'Pandemie huet d'Stëmm vun der Strooss d'lescht Joer viru grouss an onerwaarten Erausfuerderunge gestallt. Den hallwe Mäerz hu verschidde Servicer séier missten ëmstrukturéiert ginn, fir datt d'ASBL weider deene Leit konnt zur Säit stoen, déi am dréngendsten Hëllef brauchen. D'Stëmm ass d'ganzt lescht Joer iwwer opbliwwen, och wa Villes anescht huet misste lafen....dat spigelt sech och am Aktivitéitsrapport erëm.
Et war der Associatioun wichteg, datt all Mënsch weider konnt eppes z'iesse kréien. D'Moolzechte goufen um Trottoir zerwéiert. Iwwert dat ganzt Joer gekuckt waren et iwwer 100.000 Stéck. Dat ass e Minus vu 7,7 Prozent am Verglach mam Joer virdrun, déi Baisse ass awer eigentlech keng. D'Leit kruten 3 Méint gratis z'iessen an all déi Moolzechte goufen an der Statistik net matgezielt.
Wéinst de Corona Moossnamen, konnten d'Leit awer net sou vill Zäit bei der Stëmm vun der Strooss verbréngen, wéi de Bob Ritz, de Cargé de communication seet: "Doduerch ass virun allem de sozialen Aspekt verluer gaangen. Déi Leit, déi bei eis kommen, sinn et gewinnt, net nëmmen iessen ze kommen, mä sech och auszetauschen an Zäit mateneen ze verbréngen. Dat war wärend dem Confinement awer net méiglech. Dat heescht mir konnten d'Leit just eng hallef Stonn bei eis loossen, dono hu se Plaz fir déi nächst misste maachen."
Vum halwe Mäerz un, sinn och déi 170 Leit, déi bei der Associatioun an enger Réinsertion professionelle sinn, missten doheem bleiwen. Et gouf d'lescht Joer fir d'Stëmm vun der Strooss awer och gutt Neiegkeeten. Virun engem gudde Joer hat de Regierungsrot gréng Luucht ginn fir de Projet Caddy Schweessdrëps 2 an der Gemeng Suessem, wou den Ament d'Bauaarbechten um Gaange sinn: "Zwee vun eisen Atelieren fusionéieren do. Dat ass den Atelier Caddy, wou 20 Leit all Moies vum Auchan Liewensmëttel kréien an déi verschaffen, fir eis Restauranten, mä och fir aner Associatiounen, déi d'Iessen direkt weider ginn un d'Leit op der Strooss. Dann den Atelier Schweessdrëps, deen zu Esch ass an deen d'Sportstenue vun de Fussballclibb wäscht. Do schaffen och eng 20 Leit. Op Suessem kënnt dann och nach de Service Immo Stëmm."
Am Ganze solle 40 zousätzlech Mënschen zu Suessem eng Aarbecht kréien. De Projet kascht ronn 6 Milliounen Euro. 4,5 Millioune kritt d'Associatioun vum Staat, 1,5 Millioune well se bis Enn 2022 duerch Donen zesummekréien. Zënter dem leschter Joer gëtt et och de Service "Kanner Stëmm": "Do ass eng Pediater, déi sech ëm d'Kanner këmmert, déi Problemer hunn, respektiv Elteren, déi sozial Problemer hunn. Bis elo huet d'Stëmm vun der Strooss sech ëmmer un Erwuessener geriicht, mir wëllen awer och hëllefen ier et ze spéit ass. Dat heescht Kanner hëllefen, ier dass si vläicht méi spéit eng Kéier musse bei eis kommen."
D'Lescht Joer goufen et 4.672 verschidde Persounen, déi d'Hëllef vun der Stëmm vun der Strooss gebraucht hunn. 169 Mol konnte si gratis bei Doktere goen, déi benevole fir d'Associatioun schaffen, 1.622 Mënsche konnte gratis duschen an iwwer 3.000 Leit krute Kleeder.