
Eng Woch no der déidlecher Police-Interventioun zu Ettelbréck ass e Samschdeg um 14 Auer eng Maniff an der Stad. D'Evenement um Knuedler ass awer ëmstridden, well op der Invitatioun Sloganen ewéi „keng Gerechtegkeet", „kee Fridden" oder „Police-Rassismus" ze fanne sinn. Den Tim Morizet huet am Virfeld mam Sandrine Gashonga, Presidentin vun der ASBL "Lëtz Rise Up", iwwert d'Faite vun de leschten Deeg geschwat. Et ass eng Maniff, déi vu Leit organiséiert gëtt, déi dem "Zuka", ewéi de Mann dacks genannt gouf, ganz no stoungen, esou d'Sandrine Gashonga. Et wier eng emotional Reaktioun op e Schock. Eng Reaktioun fir déi een d'Leit net sollt jugéieren.
Vill Acteuren ewéi „Lëtz Rise Up", déi sech géint Rassismus asetzen, hale sech awer eraus.
"Mir maachen net mat, well fir eis d'Liewe vun der Famill am Mëttelpunkt steet. Dee Moment wou d'Famill sot se géife sech vun der Maniff distanzéieren, war et fir eis kloer, datt mir eis och distanzéieren."
Fir d'Famill wier et wichteg, d'Enquête vum Parquet an der Generalinspektioun vun der Police ofzewaarden. Weider géif d'Maniff vun e Samschdeg riskéieren, um Dag vum Begriefnis vum jonke Mann, d'Gesellschaft just weider ze splécken.
De Mann, dee beim Policeasaz ëm d'Liewe koum, hat e Samschdeg en Auto zu Housen geklaut. Wéi en zu Ettelbréck vun der Police gestoppt gouf, koum et zu engem Schoss.
Vill Organisatiounen am Land wieren déi lescht Deeg nees méi mat rassisteschen Aussoe menacéiert ginn.
"Mir hunn déi lescht Deeg nees méi Emaile mat rassistesche Menacë kritt ewéi soss. Se sinn och méi aggressiv. Op dat elo mat deem wat e leschte Samschdeg geschitt ass ze doen huet ass net sécher. Mee et weist grad e bëssen d'Klima dat ronderëm geet a wéi uerg den "Hate-Speech" sech developpéiert huet."
"Putain de Macaque puant" "va nourrir les poissons de la Méditerranée" "vous êtes de vulgaires racistes anti blancs" - just e puer Extraite vu Messagen déi lescht Deeg. Dobäi sollten Evenementer ewéi déi vum leschte Samschdeg éischter dozou opruffen, no Léisungen ze sichen, esou d'Presidentin vu Lëtz Rise Up.

"Dat heite kënnen Occasioune sinn, fir gewësse Saachen ze regléieren déi „en attente" sinn an un deene bis haut ni richteg geschafft gouf. An esou Momenter muss een iwwer sensibel Saache schwätze kënnen ewéi de Prozentsaz bei der Aarmut an dësem Deel vun der Populatioun. Oder och de Logement, e Marché, dee fir Leit mat enger anerer Ethnie nach méi komplizéiert ass."
Et misst een och iwwert Rassismus bei der Police debattéieren dierfen. Och wann et net onbedéngt en Zesummenhang mat der Affär zu Ettelbréck gëtt, géif eng Etüd vun dësem Joer vun der europäescher Mënscherechtsagence weisen, datt et och zu Lëtzebuerg ethnescht profiléiert gëtt.