E Samschdeg géint 19 Auer koum et zu Ettelbréck zu engem Virfall, wou e Schoss gefall ass an eng Persoun blesséiert gouf. Si ass dono am Spidol gestuerwen.

Éischten RTL-Informatiounen no hätt et sech hei ëm eng Drogekontroll gehandelt. Dëst gouf awer vum Parquet net confirméiert. Wéi et awer heescht, hat e Mann mat engem Messer zu Housen en Automobilist gezwongen, säi Gefier ze verloossen, hat den Auto geklaut a war Richtung Ettelbréck geflücht. Beamte vun der Police haten d'Course-poursuitte opgeholl an och de geklauten Auto erëmfonnt.

Enger Patrull war et gelongen, d'Gefier zu Ettelbréck ze stoppen, wouropper den Täter aus dem Auto geklomme wier an d'Poliziste mat engem Messer attackéiert huet. Ee vun de Polizisten hätt dorops gebrauch vu senger Déngschtwaff gemaach. De blesséierten Täter koum an d'Spidol an ass am Laf vum Owend u senge Blessure gestuerwen.

Den Untersuchungsriichter an de Parquet vun Dikrech waren op der Plaz. Et gouf eng Enquête lancéiert an d'Generalinspektioun vun der Police gouf mat der Suite vun der Enquête chargéiert.

RTL

Videoe maachen den Tour an de soziale Medien

Op enge sëllege Videoen, déi op de soziale Medien zirkuléieren, gesäit een zwee Policebeamten, déi, wéi et schéngt, zu Ettelbréck mat engem Mann uneneegeroden. De Mann huet e Messer gezéckt a geet op d'Beamte lass. Kuerz drop héiert een an engem zweete Video, deen aus engem anere Bléckwénkel gefilmt ass, ee Schoss.

Den Ugräifer ass wuel, wéi et schéngt, vun de Beamten ugeschoss ginn, well op engem drëtten Video gesäit een de Mann mam bloen T-Shirt, dee virdrun d'Messer am Grapp hat, um Buedem leien. Do gesäit een och, dass et wuel muss eng Schosswonn um Bauch sinn, well d'Beamten op de Bauch drécken, fir d'Bluddung ze stëllen.

Zeienopruff vun der Generalinspektioun vun der Police

Am Kader vun der Enquête huet d'Inspection générale de la Police en Zeienopruff lancéiert. Persounen, déi nëtzlech Informatiounen iwwert den Tëschefall hunn, oder am Besëtz si vum Videomaterial vum Policeasaz, solle sech w.e.g. mat der IGP a Verbindung setzen. Sief et wärend de Bürosstonnen tëscht 7 a 16 Auer via Telefon um (+352) 264853-24, oder via mail op igp@igp.etat.lu

De Communiqué vum Parquet

Communiqué du parquet de Diekirch dans le cadre d'une intervention policière du 31 juillet 2021 lors de laquelle une personne a été mortellement blessée

(01.08.2021)

Dans le cadre d'un vol avec violences commis samedi soir à Hosingen, un conducteur de voiture a été contraint de quitter son véhicule sous la menace d'un couteau. L'auteur a ensuite pris la fuite avec le véhicule en direction d'Ettelbruck.

La police a rapidement pris connaissance du crime et une course-poursuite s'est engagée avec la personne qui conduisait le véhicule volé.

Une patrouille de police a réussi à arrêter le véhicule à Ettelbruck. Le conducteur est alors sorti de la voiture et a attaqué les officiers de police avec un couteau. Dans la foulée, un des policiers a fait usage de son arme de service. L'agresseur a été grièvement blessé et transporté à l'hôpital où il a succombé à ses blessures dans le courant de la soirée.

Le juge d'instruction de Diekirch et le parquet de Diekirch étaient présents sur les lieux. Une instruction judiciaire a été ouverte et l'Inspection générale de la police a été chargée de la suite de l'enquête.