
Geschitt ass dëse Virfall e Freideg de Moie géint 10 Auer an engem Bësch bei der Rue de Gralingen zu Mierschent. Keng Persoun gouf blesséiert.
De Brand gouf duerch e Sprengkierper, dee vergruewe gouf, ausgeléist. Et huet sech hei ëm Munitioun aus dem 2. Weltkrich gedréit. D'Pompjeeë waren op der Plaz.
D'Arméi huet sech ëm d'Entsuerge vum Sprengkierper bekëmmert.