Hond vu privater Sécherheetsfirma blesséiert Mann

© Screenshot Video
De Mann, dee beim Virfall blesséiert gouf, wier am Spidol behandelt ginn, hätt awer net missen dobleiwen, esou d'Porte-parole vun der Police weider.
E Video vun engem Virfall an der Avenue de la Gare an der Stad suergt fir Diskussiounen. Do ass e Sträit ze gesinn tëscht Passanten an der privater Sécherheetsfirma, déi an der Stad patrulléiert. An en Hond, deen e Mann bäisst, an net sou séier lass léisst.
D'Police hat e Sonndeg den Owend och an hirem Bulletin iwwert de Virfall geschriwwen.
Déi gréng Stater Gemengeréitin Christa Brömmel huet eng dréngend Fro un de Stater Schäfferot gestallt, ënnert anerem, ob deen nach ëmmer der Meenung ass, ob déi privat Sécherheetsfirma mat Hond eng gutt Iddi ass. De Mann hätt den Hond offensichtlech net am Grëff.
De gréngen Deputéierten an och Member vum Stater Gemengerot François Benoy weist sech op Facebook schockéiert.
Den Deputéierte vun de Piraten, de Marc Goergen, huet eng dréngend parlamentaresch Kommissiounssëtzung vu Justiz a bannenzeger Sécherheet gefrot.
Och Déi Lénk hu sech an engem Communiqué zu Wuert gemellt a seet de Schäfferot misst seng politesch Responsabilitéiten assuméieren. Deene Lénke no misst de Kontrakt mat der Sécherheetsfirma direkt gekënnegt ginn.
D’CSV, déi nom déidlechen Virfall vun Ettelbréck virun engem Mount direkt méi Moyene fir d’Police verlaangt huet, wëll nom Tëschefall vun e Samschdeg net direkt reagéieren. De Stater Schäffen an CSV-Deputéierten Laurent Mosar huet op Twitter deklaréiert, et misst ee wierklech ofwaarde wat d’Enquête ergëtt. Wann den Agent ugegraff gëtt, hätt hien awer natierlech Recht sech ze verdeedegen, well dann ass et legitime défense, sou de Laurent Mosar. Genau dat misst d’Enquête elo iwwerpréiwen.
RTL-Informatiounen no hu souwuel d‘Sécherheetsfirma wéi och d'Police der Stad Lëtzebuerg Rapport gemaach. De Video géif just en Deel vun deem weisen, wat geschitt ass. D'Sécherheetsleit wieren e Samschdeg den Owend géint 22.10 Auer virun engem Café verbal an duerno och kierperlech aggresséiert ginn. Eng aner Ekipp als Verstäerkung ass derbäi komm. E volle Mann wollt e Stull op si geheien an huet – eisen Informatiounen no – anscheinend eng Waff gezunn. Et koum zu enger Kläpperei. Dem Hond wier et gelongen säi Maulkuerf auszekréien an d'Déier huet den alkoholiséierte Mann an d'Been an an d'Box gebass. Den Hond ewech ze zéien huet e bësse gedauert.
De blesséierte Mann koum an d'Spidol, do huet en sech awer de Batti gestallt. Wollt fortlafen an huet d'Beamte beleidegt a bespaut. Hie koum doropshin a Passage-Arrest.
Eng Enquête vu Police a Parquet ass am gaangen.