Ufank d'nächst Joer soll d'Croix Rouge eng nei legal Entitéit kréien, déi sech reng ëm d'Bluttspend këmmert.

Service vun der Bluttspend kritt eegen Entitéit / Reportage: Marlène Clement

Si soll vun enger Fondatioun geréiert ginn, déi nei gegrënnt gouf. Dat huet d'Croix Rouge hire Memberen de 7. Oktober an engem Schreiwes matgedeelt, dat eis virläit. Grënn fir dee Changement ginn et der e puer.

Virop geet et ëm de Finanzement. D’Croix Rouge géing den Ament Millioune bäileeën, fir de Service vun der Bluttspend oprecht ze erhalen, seet hiren Direkter, Michel Simonis. Zejoert war et een Defizit vun 2 Milliounen Euro.

"Dofir eis Volontéit ze klären, datt mer d’Finanzen, déi d’Bluttspend uginn, méi kloer oftrenne vun der Croix Rouge, also eng Entitéit hunn, wou ee kloer weess, do gëtt d’Bluttspend gemaach, déi Käschten, déi an där Fondatioun ufalen, sinn déi, déi eigentlech ee Santésministère, voire eng Krankekeess ze bezuelen huet. Mir wëlle jo kee Benefice maachen, dat ass guer net esou virgesinn, d’Volontéit, mee zumindest datt d’Käschte gedeckt sinn, an dat war an de leschte Joren net de Fall."

Et ass awer och eng Fro vun der Responsabilité civile. Zum Beispill wann eng Persoun, déi eng Blutttransfusioun krut, krank gëtt, ouni awer datt de Prestataire, an dësem Fall d’Croix Rouge, dofir responsabel ass.

"Dat ass e Risk, dee fir eis enorm ass. Deen ass an allen anere Länner ronderëm gekläert. An allen anere Länner sinn ëffentlech Strukturen, ëffentlech Fongen, dee sougenannten aléa thérapeutique, wann an der Gesondheet eppes schif geet, ouni datt ee Schold war, deen dat en charge huet. Zu Lëtzebuerg hu mer dat net. Dat stoung awer zanter Jore schonn an de Regierungsprogrammer, datt dat géing gekläert ginn. Dat ass awer bis haut net gekläert."

RTL

© Andy Brücker

Mat der neier Fondatioun, géing dee Risiko sech just op déi separat Entitéit limitéieren an net op déi ganz Croix Rouge. Fir d’Bluttspender a fir déi ronn 70 Mataarbechter ännert sech näischt, verséchert de Michel Simonis.

"Dir wësst, datt wa mer hei eng Aktivitéit transferéieren aus dem Kär vun der Croix rouge an eng Entité juridique indépendante, da gëllt de Code du travail, dee souwisou virgesäit, datt all droits acquis vun de Mataarbechter gehale ginn, Dat heescht, mir sinn och an de selwechte Gebaier. Dat ass also komplett transparent, souwuel fir eis Mataarbechter, ewéi och fir déi benevol Spender."

D’Bluttspender sollen donieft och mat enger Stëmm an der Gouvernance vun der neier Fondatioun vertruede sinn. D'Croix Rouge huet an hirem Schreiwes an deem Kontext een Appel à candidature lancéiert.