Den Institut national de chirurgie cardiaque et de cardiologie interventionnelle ass spezialiséiert op sämtlech Pathologien, déi mam Häerz ze dinn hunn.

Zënter der Ouverture vum nationalen Häerz-Zenter am Joer 2001 goufen hei iwwer 50.000 Patiente mat kardiovaskuläre Problemer behandelt. De Gros vun den Aktivitéite sinn Urgencen an do virop Häerzinfarkter, déi via de CGDIS a Samu am Zenter ukommen. Ronn 200 Fäll d’Joer ginn am INCCI behandelt an do dernieft eng 70 vun am Duerchschnëtt 500 Häerzstëllstänn d’Joer.

Nieft den Noutfäll ginn et awer och vill programméiert Operatiounen am Häerz-Zenter, zum Deel am sougenannten Hybridsall, wou eng speziell Rëntgemaschinn am OP steet. Déi modern Technologie erméiglecht et, d’Rëntgestralen, deene Patienten a Medezinner am Operatiounssall ausgesat sinn, ze reduzéieren.

Mat alle Mëttel gëtt am INCCI versicht, de Patienten hir Ënnersichungen an Openthalter sou angeneem wéi méiglech ze gestalten. Dofir gouf ugangs 2020 och déi sougenannt Cardio-Lounge en place gesat, wou d’Patienten, ouni mussen am Bett ze leien, ronn 1 Stonn no enger Ënnersichung kënne recuperéieren a betreit ginn.

Méi wéi 150 Leit, dorënner 25 Dokteren an eng 100 spezialiséiert Infirmieren, schaffen am nationalen Häerz-Zenter an der Stad.

Op kardiovaskulär Krankheeten an déi richteg Preventioun opmierksam maachen

Dat wieren déi richteg Reflexer fir e gutt Häerz, sou de Gesondheetsministère an d'Societéit vun de Kardiologen an hirer Campagne fir de Weltdag vum Häerz.

Weltdag vum Häerz/Reportage Fanny Kinsch

Kardiovaskulär Krankheete sinn déi éischt Doudesursaach op der Welt a verursaachen all Joer bal en Drëttel vun de Stierffäll. Zu Lëtzebuerg waren 2019 iwwer 28 Prozent vun de Stierffäll bei de Fraen a bal 27 Prozent vun de Stierffäll bei de Männer op eng Häerz-Kreeslaf-Krankheet zréckzeféieren. Domat war dat d'Haaptdoudesursaach bei de Fraen an déi zweetwichtegst Doudesursaach bei de Männer. Dat géing dru leien, datt Risiko-Facteuren dacks net direkt erkannt ginn, erkläert Dr Christiana Banu, Presidentin vun der Societéit vun de Kardiologen.

Dozou géing ënnert anerem héije Bluttdrock gehéieren. Dacks géingen déi concernéiert Persounen net emol wëssen, datt hire Bluttdrock ze héich ass, deemno wier et wichteg, dëst reegelméisseg ze kontrolléieren. Dat selwecht gëllt och fir Diabetiker.

RTL

© AFP

An de leschte Jore wier de Risiko bei Frae besonnesch geklommen. Fréier hätten net esou vill Fra gefëmmt wéi et haut de Fall ass. Natierlech hätt de Liewenswandel an och de Bluttdrock en Effekt op d'Hausse vun dësen Zuelen.

Déi gutt Nouvelle ass, dass verschidde Choixen am Liewensstil kënnen hëllefen, fir virzebeugen. Deemno soll ee virun allem oppassen, wat ee konsuméiert. Et soll ee beschtméiglech op Gedrénks mat vill Zocker an op Alkohol verzichten an dofir méi Waasser drénken. Weider soll een och vill Uebst a Geméis iessen a sech vill beweegen.

"Dir musst kucken, dass der Iech gesond ernäert, dat heescht kee gezockert Gedrénks, méi Waasser, natierlech wësse mer all, dass mer am Dag 5 Portiounen Uebst a Geméis iesse sollen a mir sollen natierlech och kucken, dass mer net sou vill Alkohol drénken. Dat heescht net méi wéi 1 Glas den Dag fir Fraen, 2 fir Männer an an der Woch op d'mannst 2 Deeg näischt drénken. Mir mussen eis och vill méi beweegen, och eben, fir d'Gewiicht an der Rei ze halen. Op d'mannst 30 Minutten den Dag, am beschte 5 Mol an der Woch."

"Wat ganz wichteg ass, ass erëm de Sport, dat ass e gutt Ventil, fir de Stress ze reegelen. Natierlech muss een och versichen, laang genuch a gutt genuch ze schlofen, dat ass och ganz wichteg, dat heescht am beschte wiere recommandéiert 7-8 Stonnen den Dag ze schlofen. An et ass och wichteg, e gewëssent Ritual ze hunn, iert ee schlofe geet, fir dass ee vum Dagesstress erofkënnt."

Dat géing och heeschen, net bis spéit owes E-Mailen ze beäntweren oder Videospiller ze spillen, esou d'Dokter Christiana Banu.

De ganzen Oktober duerch wëllen de Gesondheetsministère an d'Societéit vun de Kardiologe mat enger Sensibiliséierungscampagne op kardiovaskulär Krankheeten an déi richteg Preventioun opmierksam maachen.