VerfassungsreformWann d'Bierger e Referendum wëllen, gëtt et e Referendum

RTL Lëtzebuerg
E Freideg sinn déi véier Kapitele vun der Verfassungsreform vun de Rapporter virgestallt ginn. Et géing ee sech engem Referendum awer net verschléissen.
© Fanny Kinsch / RTL

Wann d'Bierger e Referendum wëllen, gëtt et e Referendum

D'Lëtzebuerger Verfassung soll moderniséiert ginn. D'Rapporteren vun de véier Kapitele vun der Verfassungsreform, de Mars Di Bartolomeo vun der LSAP, de Léon Gloden vun der CSV, d'Simone Beissel vun der DP an de Charel Margue vun deene gréngen hunn e Freideg de Moie virun der Press d'Verfassungsrevisioun virgestallt.

Dat éischt Kapitel vun der Verfassungsreform, iwwert d'Justiz, soll nach dëse Mount eng éischte Kéier an der Chamber gestëmmt ginn, dat soten d'Rapporteren vun deene véier Kapitele vun der Verfassungsreform. Am Virfeld ginn e Freideg an enger Woch eng Informatiounsversammlung an den 18. Oktober eng Table ronde zum Theema organiséiert. Ënnert anerem sollen d'Bierger mat Informatiounsversammlungen a Broschüren, déi d'Stéit heemgeschéckt kréien, iwwert dat neit Grondgesetz informéiert ginn.

Dee gréissten Ënnerscheed par Rapport zu der grousser Verfassungsreform, wéi se ugangs geplangt war, géing d'Onofhängegkeet vum Parquet betreffen, sou den CSV-Deputéierte Léon Gloden. De Justizminister hält en allgemengt Weisungsrecht an der Politique pénale.

"Ech ënnersträichen nach eng Kéier, datt dat net heescht, datt ee ka soen, du muss elo géint de Léon Gloden enquêtéieren oder du dierfs net géint de Léon Gloden enquêtéieren, do dierf keen dra schwätzen. Mä Direktive vun der Politique pénale générale muss kënne gi ginn vum politesche Responsabelen, well et ass in fine, wann eng Kéier eppes schif leeft, ass et och de Minister oder d'Regierung, déi politesch d'Verantwortung dréit. Ech well och an deem Kontext nach eng Kéier drop hiweisen, datt et an deene verschiddene Staate vun der Europäescher Unioun keng eenheetlech Léisung gëtt."

A verschiddene Länner géing et eng komplett Onofhängegkeet ginn, an aneren eng Independence fonctionelle oder relative, wéi een se elo hei virgesäit. Anescht wéi nach virun e puer Joer geplangt, soll et jo kee Referendum iwwert d'Verfassungsreform ginn. Dat wier awer net well een Angscht hätt, seet de President vun der Institutiounekommissioun Mars Di Bartolomeo, ma well een haut an enger anerer Situatioun wier.

"Mir hale méi Elementer vun där bestoender Verfassung bäi, wéi dat am 6030 de Fall war a mir hunn eng Demarche festgehalen a Kapitelen. Doraus ergëtt sech, dass eng méi grouss Schwieregkeet do ass, fir zu deenen eenzele Kapitelen e Referendum ze organiséieren."

D'Texter déi elo virleie wiere weder e Broch mat der aktueller Verfassung, nach mat den Aarbechten un der kompletter Reform, wéi se 2018 virlouch, esou de President vun der Chamber-Institutioune-Kommissioun Mars di Bartolomeo.

"Mir hunn dat gehalen, wat sech bewäert huet. A mir hunn dat geännert, wat vis-à-vis vun de Realitéiten net méi korrespondéiert huet. Ech ginn Iech e Beispill vun deem wat sech bewäert huet, wat ganz aktuell ass. Dat ass den Artikel iwwert den Etat de crise."

De Rapporter vum Justizkapitel, den CSV-Deputéierte Léon Gloden huet ervirgestrach, datt d'Onofhängegkeet vun der Justiz eng éischte Kéier an der Verfassung verankert gëtt. An, ee vun den Haaptprinzippie vum Rechtsstaat, d'Présomption d'innocence, géing an d'Verfassung ageschriwwe ginn.

"E Mënsch ass sou laang onschëlleg, bis e vun engem Tribunal definitiv condamnéiert ginn ass. Et gesäit ee ganz dacks, datt probéiert gëtt, dobaussen am Public Leit schonn als schëlleg duerzestellen, éier iwwerhaapt eng Decisioun gefall ass an dofir ware mer der Meenung, dass dat e ganz wichtege Prinzip ass, deen och muss Anzuch an d'Verfassung kréien."

E Volet, deen een am Kapitel iwwert d'Rechter an d'Fräiheete vun de Bierger erëmfënnt, fir deen d'Simone Beissel Rapportrice ass. D'DP-Deputéiert erkläert, datt d'Rechter an der neier Constitutioun an 3 Kategorien agedeelt ginn.

"Éischt Kategorie sinn d'Grondrechter, déi sinn onuntaaschtbar, déi sinn, wéi ech ëmmer soen, betonéiert. Déi zweet Kategorie sinn d'ëffentlech Fräiheeten, d'Libertés publiques, déi sinn och staark geschützt, mä déi kënnen am Interessi vum Rechtsstaat, vun der Securité juridique, mä och an den iwwergeuerdenten Interesse vun der Gesellschaft ëmgeännert ginn. Wat een haaptsächlech dorënner versteet, dat ass ageschränkt ginn. Mä nëmmen duerch d'Gesetz."

An déi 3. Kategorie si sougenannte Staatsziler, déi allerdéngs net ageklot kënne ginn: heizou gehéiert zum Beispill den Erhalt vun der Biodiversitéit an d'Recht op Wunnen.

Zoustänneg fir d'Kapitel iwwert d'Chamber an de Staatsrot ass de gréngen Deputéierte Charles Margue. Ee wichtegt Element an der Verfassungsreform wier, datt an Zukunft 20 Deputéiert eng Enquêtëkommissioun kënne froen, et muss also keng Majoritéit méi sinn.

"Mir hu laang doriwwer diskutéiert an der Kommissioun, an och am Commentaire des articles preziséiert, dass et net drëm geet, een deen aneren ze käppen, mä, dass et drëm geet, kloer Saachverhalter kënnen ze ënnersichen, fir ze kucken eis d'Mëttelen ze ginn. Mir hunn zum Beispill eng Covidkris elo gehat."

Bannent ongeféier engem Joer wëllen d'Deputéiert aus der Institutiounekommissioun déi véier Kapitelen duerch d'Chamber bruecht hunn, d'Informatiounscampagne fänkt e Freideg un.

E Referendum gëtt awer, anescht wéi nach virun e puer Joer virgesinn, net organiséiert. Et hätt ee sech géint e Referendum entscheet, well ee keng komplett nei Verfassung géif maachen, mä déi aktuell Verfassung a véier Kapitele revidéiert, sot de President vun der Institutiounekommissioun Mars Di Bartolomeo.

Ma déi aktuell Verfassung géif natierlech d'Méiglechkeet virgesinn, datt d'Bierger e Referendum froen, an deem géing ee sech net verschléissen. "Wann d'Bierger e Referendum wëllen, da gëtt et e Referendum". D'Regierung muss e Referendum organiséieren, wann op d'mannst 25.000 walberechtegt Bierger dat froen. Den Oflaf vun esou enger Demande ass streng gereegelt.

Back to Top
CIM LOGO