
Aktuell si 20 Persounen hospitaliséiert, dovunner 7 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 789.773 Impf-Dosisse genotzt. 412 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 842 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,09. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.