Stater PoliceZeienopruff no Attack op jonk Fra an de "Rives de Clausen"

RTL Lëtzebuerg
De 25. September gouf eng jonk Fra Affer vun engem Ugrëff, dat tëscht 1 an 3 Auer moies. Eng Koppel an e Grupp jonk Fraen kéinten hei virunhëllefen.
© RTL-Grafik

An deem Kontext sicht d'Police judiciaire no Persounen, déi de Virfall eventuell gesinn hunn, respektiv déi eppes Opfälleges oder opfälleg Persounen an der Géigend vun de Rives de Clausen gesinn hunn.

Virun allem interesséiert sech d'Police un der Zeienausso vun enger Koppel, déi vun der Montée de Clause a Richtung Almënster getrëppelt sinn, dat géint 1 Auer moies. Si hunn de Wee iwwert d'Trape geholl.

Tëscht 3 a 4 Auer hat sech dann och nach e Grupp jonk Fraen tëscht 3 a 4 Auer moies ëm d'Affer gekëmmert, dat an der Géigend vum Parking an der Géigend vun der Bréck bei der Uelzecht. Eventuell hunn och dës Persounen den Täter oder/an den Auto gesinn.

All dës Persounen, sou wéi weider Zeien si gebieden, sech bei der Police judiciaire um (+352) 244 60 - 2235 ze mellen, respektiv iwwer Mail op spj.temoin@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO