Dat soten déi Responsabel vun der LSAP op der Rentréespressekonferenz iwwert d'Walresultater vun hire Schwësterparteien am Ausland. Plus 5% dat wéilt een och an zwee Joer hei am Land fäerdeg bréngen. Iwwer Käpp wëllen d'Sozialisten dobaussen awer nach net diskutéieren. Duerfir awer méi iwwer Inhalter.
D'Schoul misst nees méi zu deem soziale Lift ginn, dee se an der Vergaangenheet war. D'LSAP huet dem DP-Educatiounsminister seng Reformen zwar matgedroen, ma déi nei Modeller wieren net alles, sou de Fraktiounschef Georges Engel fir deen d'LSAP de Garant fir eng staark ëffentlech Schoul ouni Privatiséierung ass. Net ganz erbaut waren se bei de Sozialisten och iwwert dem Claude Meisch seng Sortie a Punkto Schoulflicht.
D'Iddi vun der Coronasteier, déi jo an der Majoritéit duerchgefall ass, fënnt d'Partei prinzipiell nach ëmmer richteg. D'LSAP wëll e Steierpak fir de geplangten Debat iwwer Steiergerechtegkeet an der Chamber virleeën. Deen ass elo op Uganks d'nächst Joer verréckelt.
A Punkto Kannergeld erwaarde sech d'Sozialisten, datt de Premier bei der Ried zur Lag vun der Natioun annoncéiert, datt d'Indextranche vun dësem Mount bei der Reindexéierung mat agerechent gëtt. Fir de Rescht wéilt ee besonnesch géint den Aarmutsrisiko aktiv ginn. Wéi genee, do ass d'Regierungspartei nach eng kloer Äntwert schëlleg bliwwen.
Op engem ausseruerdentleche Kongress de 15. November gëtt sech d'Sozialistesch d'Partei d'Méiglechkeet, fir an hire Statuten d'Co-Presidence an Duebelspëtzten op de Lëschten anzeféieren. Déi personell Erneierung un der Parteispëtzt gëtt awer réischt am Fréijoer d'nächst Joer ugeholl.