
Um 19.30 Auer hunn d'Beamten an der Avenue de la Gare en Drogendeal konnten observéieren. Beim Client selwer goufen 2 Bullen Heroin séchergestallt. Beim Dealer goufen 13 Bullen Heroin, 45 Bulle Kokain a 7 Tute Cannabis, sou wéi 84€ séchergestallt. Den Dealer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.
Um 1 Auer gouf dann nees en Drogendeal observéiert, dat an der Stroossbuerger Strooss. De Client hat eng Bull Kokain op sech. Och an dësem Fall gouf den Dealer säitens dem Parquet festhuele gelooss.