Mir sinn net méi schlau ginn, sou reagéiert d'CSV op d'Budgetsried vum Finanzminister Pierre Gramegna.

Fir den CSV-Co-Fraktiounspresident Gilles Roth géing een zwar gesinn, datt d'Finanze sech erhuelen, et misst een awer och constatéieren, datt mer net erauskommen aus dem Defizit. Allgemeng vermësst déi gréisst Oppositiounsfraktioun an de wichtegen Dossieren déi konkret Weeër.

De Gilles Roth vun der CSV

Sou wuel de Staatsminister Bettel wéi och de Finanzminister Gramegna bräichten e Kompass, sou nach de Gilles Roth.

Och d'Nathalie Oberweis vun déi Lénk schwätzt vun engem Budget, dee vag ass. D'Steierreform hätt misste kommen.

D'Regierung géing leider net thematiséieren, wéi déi Scholden alleguer eng Kéier sollen zeréckbezuelt ginn, bedauert de Chef vum parlamentareschen ADR-Grupp, de Fernand Kartheiser. Verschidden Depensë misst ee kënnen a Fro stellen. Leider géing d'Regierung och Steierhaussen a Kaf huelen, notamment bei der C02-Steier.

Mir mussen elo déi eenzel Projeten duerch kucken an analyséieren, wat déi eenzel Ministèrë wierklech mat deenen Zuele mengen, sou de Piraten-Deputéierte Sven Clement. Op den éischte Bléck géing zwar alles gutt kléngen, ma de Sven Clement ass sech sécher, datt een nach déi eng oder aner kritesch Plaz wäert fannen.

De Sven Clement vun de Piraten

Et hätt een heiansdo d'Impressioun, datt d'Oppositioun rose wier, datt et eis zu Lëtzebuerg gëtt, sou den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel, dee vun engem soziale Budget schwätzt.

Fir d'Josée Lorsché vun déi Gréng zeechent de Budget déi richteg Moyenen op a Punkto nohalteg Mobilitéit.

Fir den DP-Deputéierten André Bauler gëtt mat dësem Budget an d'Zukunft investéiert. Lëtzebuerg géing och als eenzegt EU-Land d'Maastricht-Krittären erëm respektéieren.

Och LCGB, OGBL an UEL reagéieren

D’Gewerkschafte wäerten als positiv, dass keng Austeritéitspolitik géing gemaach ginn a keng Steiererhéijung. De President vum LCGB, de Patrick Dury, seet, no der Kris wiere mer an enger Situatioun, wou d’Leit, déi aus dem Chômage partiel kéimen, vill Kafkraaft verluer hätten. Elo misst een doriwwer schwätzen, wéi dës erëm kéint opgebessert ginn. Dofir hält den LCGB u senge Fuerderunge vun enger Tripartite fest, déi sech soll mat der Kafkraaft a weidere Problemer wéi Digitalisatioun beschäftegen.

Dass et géing besonnesch u konkrete Mesurë fir déi nächst 2 Joer am soziale Beräich feelen, fënnt d'Presidentin vum OGBL, d'Nora Back. Hei wier net genuch passéiert. Et hätt misse vill éischter gehandelt ginn. All déi Joren, wou d'Kannergeld u Wäert verluer huet, hätt missten eng Kompensatioun an eng strukturell Erhéijung vum Kannergeld kommen. “Dat selwecht gëllt awer och fir d'Annonce zum Beispill vum Revis. Dës war scho bekannt, dat heescht, et kënnt keng nei Mesure dobäi”, sou d'Nora Back.

De Jean-Paul Olinger, Direkter vun der UEL fënnt, datt mer op d'Héicht vum Budget, mat deenen héchste Salairen an deenen héchste Sozialtransferten zu Lëtzebuerg kéinte stolz sinn. Ma net alles wier positiv. D'Sécurité sociale géing lues a lues méi schlecht ginn a mir kéime méi no bei déi sougenannte Mauer. Och d'Pandemie wier nach net eriwwer an d'Inflatioun géing eng Suerg bleiwen. Wichteg wier et elo, d'Investissementer an Zukunft weider héich ze halen.