Serie Nuetsschicht (4)D'Karine Gabriele kontrolléiert nuets d'Keesen op der Aire de Berchem

Rosa Clemente
Dacks gi si eréischt aus dem Haus, wann anerer schonn hire Feierowend genéissen oder esouguer fest schlofen.
Nuetsschicht (4) -Op der Tankstell
Am Kader vun eiser Serie “Nuetsschicht“ stelle mir Iech all Woch Portraite vu Mënschen aus der Beruffswelt vir, déi op Nuetsschichte schaffen.

Am Kader vun eiser Serie "Nuetsschicht" stelle mir Iech all Woch Portraite vu Mënsche vir, déi reegelméisseg op hirer Aarbecht Nuetsschichte maachen. Leit, ouni déi d'Beruffswelt hei am Land net funktionéiere géif.
Ma d‘Karine Gabriele (39) ass esou eng Persoun.

Si schafft zanter méi wéi 17 Joer op der Aire de Berchem (Richtung Stad). Fir d éischt als Caissière, an zënter 6 Joer als Chef d’ Equipe.

Zu hiren Aufgabe gehéiert ënnert anerem d‘Keesen ze kontrolléieren, Commanden unzehuelen, Produiten am Geschäft anzeraumen, mat de Clientë schwätzen an d'Caissièren an hire Pausen ze remplacéieren.

Nuets an der Woch ass op der Tankstell zwar manner Trafic – dofir bleift dem Karine awer méi Zäit fir hir vill Aufgaben ze erleedegen.

Serie Nuetsschicht (1) - Den Eric Phely mécht zanter 32 Joren Nuechten am CHL
Serie Nuetsschicht (2) - De Léon Jentgen schafft am Nuets-Foyer "Espoir" vun der Caritas
Serie Nuetsschicht (3) - De Romain Haas schéckt an der Nuecht Hëllef dohin, wou se gebraucht gëtt

Back to Top
CIM LOGO