"An de Gemenge feelt et u Personal an den technesche Servicer"
Dat seet de Joël Meyers, President vun der Association luxembougeoise des bachelors scientifiques des communes et des syndicats de communes (ALBSC).
Zanter 8 Joer vertrëtt d’Associatioun 260 Leit aus den techneschen Déngschter vun de Gemengen a Gemengesyndikater. Den Ament hëlt ee Patron deem aneren d’Ingenieuren ewech, well der net genuch do sinn.
Lëtzebuerg wiisst. A fir de Leit Wunnraum ze schafen, mussen nei PAGen a PAPen ausgeschafft ginn, Baugeneemegunge verginn an Infrastrukturen ausgebaut ginn. Fir datt dat alles klappt an de Schäfferot déi richteg Berodung kritt, gi Leit an den technesche Servicer an de Gemenge gebraucht. Déi feelen awer, an dat net eréischt zanter gëschter, ënnersträicht de Joël Meyers.
Hei am Land ginn et bei de Gemengen eng 350 Ingenieure mat engem Bachelor an eng 150 bis 200 an der Karriär A1 also mat Master. Dëst geet awer net duer. De President vun der ALBSC schätzt, datt et permanent eng 15 bis 20 Prozent oppe Plaze ginn. All Weekend wieren 3 bis 5 Plazen an der Zeitung ausgeschriwwe fir de Poste vum Ingenieur. Bei der Fonction publique handelt et sech meeschtens ëm Bauingenieuren.
D’Grënn vun deem Manktem wiere multipel. Nieft deem scho genannten enorme Wuesstem am Land ass och den Interessi fir de Beruff bei de Jonken net méi sou grouss. Et géingen net méi genuch Leit sech fir dës Karriär interesséieren, obwuel ee gutt bezuelt ass. Aus dësem Grond muss vill an der Groussregioun rekrutéiert ginn. D’Regierung wëll deem entgéintsteieren an huet elo rezent eng Campagne lancéiert, fir Reklamm fir déi verschidde Beruffer bei de Gemengen ze maachen.
Soss wier een och nach op der Foire de l’Etudiant present. Dës gëtt alles vun der ALBSC begréisst, mä géing net duer. D'Membere gi benevole och selwer an d'Lycéeën, fir Schüler vum Beruff ze begeeschteren. Heibäi géing ee sech eng Ënnerstëtzung vum Ministère wënschen.
Soulaang net genuch Ingenieuren um Marché wieren, géing ee Patron deem aneren d’Leit ausspanen, seet de Joël Meyers. D’Büroen, d’Etüden an d’Entreprisë géingen déi jonk Leit forméieren, dono géinge se da bei d’Gemeng wiesselen, well se do dacks besser bezuelt wieren.
A vun de Gemenge géinge se bei de Staat goen. Generell erhofft ee sech eng gréisser Wäertschätzung fir de Beruff bei der Gemeng, well reegelméisseg keim et zu Sträit mat politesche Virgesetzten, déi gewéinlech net vum Fach sinn.
"Ech weess, dass d’Gemengen deelweis net dee beschten Image hunn", seet de Joël Meyers. "Mä an 23 Joer am Beruff hunn ech mech nach ni gelangweilt." Vernetzt denken, organiséieren a koordinéiere si Qualifikatiounen, déi gefrot sinn.
Weider Informatiounen zu der Association luxembougeoise des bachelors scientifiques des communes et des syndicats de communes op www.albsc.lu