Mercosur-Kader-Accord kéint Uganks d’nächst Joer an d’Parlament kommen

Dat sot de Minister fir de Aussenhandel Xavier Bettel géintiwwer den Deputéierten an der zoustänneger Chamberkommissioun.
Dësen Text muss da vun der Chamber ratifizéiert ginn, ier en a Kraaft triede kann. De Xavier Bettel huet der Chamber no do och widderholl, datt d’Regierung den iwwerschafften Text vum Accord vun der EU-Kommissioun guttheescht.
Et wieren zousätzlech Garantien dran, ouni déi de Grand-Duché net seng Zoustëmmung ginn hätt. Besonnesch d’Landwirtschaft huet Bedenke virun negative Konsequenzen vum Fräihandelsaccord mat Argentinien, Brasilien, dem Paraguay an Uruguay. Bedenken, déi och vun engem Deel vun den Deputéierten iwwert d’Parteigrenzen eraus gedeelt gi wieren.
Den Handelsaccord u sech muss net vun den nationalen Parlamenter approuvéiert ginn. Wat d’Ëmweltorganisatioun Greenpeace nach virun enger Woch kritiséiert hat. D’EU-Kommissioun hat Uganks des Mounts gréng Luucht ginn, fir den Accord iwwert dee joerzéngtelaang mat de Mercosur-Staate verhandelt gouf. Dat nodeems d’EU-Kommissiounspresident Ursula von der Leyen schonn Enn zejoert hire virleefegen Accord ginn hat.
Fir datt de Mercosur-Accord a Kraaft triede kann, mussen d’Europaparlament an d’Memberstaaten hir Zoustëmmung ginn.