Draufelt - Äischer
Zeienopruff no Vëlosaccident de 14. September géint 12 Auer

De leschte Sonndeg koum et kuerz virun Äischer zu engem Accident, bei deem e Cyclist gefall war.
Geschitt war dat Ganzt géint 12 Auer. D'Police schreift, dass net gewosst ass, ob weider Gefierer oder Persounen implizéiert waren. Deementspriechend sicht d'Police elo no eventuellen Zeien, respektiv Leit, déi dem Cyclist op der Plaz Hëllef ugebueden haten.
Et ginn och keng Informatiounen, ob de Cyclist schwéier verwonnt gouf oder net.
Déi Leit si gebiede sech bei der Police vum Commissariat des Ardennes ze mellen: Telefon (+352) 244 89 1000.
Am meeschte gelies