2025 gëtt een exzeptionell gudde Cru

De Cru 2025 wäert eng iwwerduerchschnëttlech gutt Qualitéit hunn, dat gouf op der Presentatioun vum Bilan vun der Drauwelies zu Éinen annoncéiert.
Et geet esouguer Rieds vun engem vun de beschte Joergäng vum leschte Joerzéngt. Grond wier d'Wieder vun de leschte Wochen a Méint. Am Summer hätt et ëmmer zur richteger Zäit gereent, sou datt d'Drauwe keen Dréchestress gehat hätten. Och wärend der Bléi wier d'Wieder gutt gewiescht, wat eng fréi Lies erlaabt hätt an dat wier ëmmer gutt fir d'Qualitéit.

© Marc Hoscheid
Dëst Joer gouf op enger Fläch vun 1.200 Hektar Wäin ugebaut. Wat déi verschidde Riefzorten ugeet, läit de Rivaner bei der Ubaufläch op der éischter Plaz, dono kommen de Pinot gris an den Auxerrois. Jee ronn 40 Prozent vun de Fläche gi vu Kooperativen a vun onofhängege Wënzer bewirtschaft, déi aner 20 Prozent vu Wënzer, déi ee Kontrakt mat engem Wäinhändler hunn.