Lëtzebuerg huet e Logementsproblem, sou heescht et mol ëmmer. Et feele Wunnengen, d’Präisser klammen a vill Leit kënne sech keen Doheem méi hei leeschten.

Logementsproblem zu Lëtzebuerg? / Rep. Carine Lemmer

D’Denkfabrik IDEA hat e Mëttwoch de Moien eng Konferenz organiséiert, fir d’Logementspolitik mol anescht ze diskutéieren. Déi gréng Deputéiert a Presidentin vun de parlamentarescher Logementskommissioun Semiray Ahmedova an den Entrepreneur Nicolas Buck waren och invitéiert.

"Hu mir iwwerhaapt e Logementsproblem zu Lëtzebuerg?", freet sech de Michel-Edouard Ruben, Ekonomist vun IDEA.

Lëtzebuerg hätt ëmmer eng Politik vun de Proprietären ënnerstëtzt. An iwwer 70 Prozent vun de Leit hei am Land sinn och Proprietär. Zanter de Xavier Bettel Premier ass, sinn d’Präisser ëm 70 Prozent geklommen. All Proprietär misst sech dach doriwwer freeën. "Hutt der der Regierung scho Merci gesot?", freet den IDEA-Ekonomist, well déi Proprietärespolitik wär e grousse Succès.

Déi, deenen näischt gehéiert, déi hu par Konter méi Problemer. Well d’Präisser klammen all Joer. Dat z’ënnerbanne kéint net d’Zil sinn, derfir suergen, datt d’Präisentwécklung net sou séier geet, ass schwéier, mengt de Michel-Edouard Ruben.

"Kann een d’Präisser manner séier klamme loossen. Ech stellen d’Fro! Ech verstoppen net, datt ech net d’Äntwert hunn."

Fir déi gréng Deputéiert Semiray Ahmedova sinn ee Problem d’Sozialwunnengen, déi et net gëtt. Just 2 Prozent huet Lëtzebuerg där. An der Vergaangenheet konnt een déi zum Marchéspräis verkafen. Dat soll elo net méi geschéien.

Lounen oder kafen, misst och en Ënnerscheed sinn, sou déi gréng Deputéiert.

"E Loyer bezuelen oder e Kredit ofbezuelen, kënnt op dat selwecht eraus ënnert dem Stréch. Dat ass net gutt. D’Loyere misste vill méi niddreg si wéi e Kredit, fir datt d’Leit kënnen normal liewen duerch d’Locatioun."

Wat mécht een dann elo als Jonken oder manner Jonken, fir sech zu Lëtzebuerg eng Wunneng ze leeschten? Den 1. Tipp vum Ekonomist: sech bestueden:

"Ech si ganz seriö: Bestuet Iech! Déi effikasste Logementspolitik huet mat der Familljepolitik ze dinn."

Fir muncher ee géif sech och rentéieren, einfach gedëlleg ze sinn, well eng Ierfschaft géif waarden. Den IDEA-Ekonomist fuerdert weider plafonéiert Loyeren.

"Maacht Drock op d’Regierung. Fir datt d’Gesetz vun 2006 vum Bail à loyer effektiv applizéiert gëtt."

Den Entrepreneur a fréiere President vun der Fedil an der UEL, den Nicolas Buck, gesäit och de Problem mat de Sozialwunnengen:

"De Staat, d’Gemengen, hunn hei iwwer déi lescht 30 Joer versot. Et gëtt e ganz klenge Pourcentage vu soziale Wunnengen. Do muss een elo usetzen fir deen Deel erop ze kréien."

Den Nicolas Buck gesäit awer och Limitten am Lëtzebuerger System:

"D’politesch Gouvernance hei am Land, duebel Mandater, Regierung, Gemengen, et ass alles vermëscht. D’Prozeduren...et ass schwéier fir eng volontaristesch Politik am Logement ze maachen, well der eng ganz Rei vu Bremsen am System dran hutt."

Den IDEA-Economist hannerfreet och de staarke Wuesstem am Land. D’Entreprise géifen ze vill Leit astellen, déi bräichten eng Wunneng. E qualitative Wuesstem wär eng Léisung.