Biergerversammlung iwwer d'Sécherheet am Garer Quartier
© RTL
De Mëttwochowend ass an der Stad d'Informatiounsversammlung, fir mat de Bierger iwwer d‘Sécherheet am Garer Quartier ze diskutéieren.
De grénge Policeminister Henri Kox an de Stater Schäfferot stelle sech do de Froen an den Doleance vu de Leit. Den Informatiounsowend geet ëm 18.30 Auer an der Sportshal an der Stroossbuerger Strooss lass.
De Kontrakt tëscht der Stad Lëtzebuerg an der privater Sécherheetsfirma G4S ass jo zanter zwou Wochen ausgelaf. D‘Gemeng hat de Kontrakt am September awer net méi nei ausgeschriwwen, well een ebe fir d‘éischt wollt d‘Bierger ëm hir Meenung froen.
Wéi d'Gemeng de Mëttwochmoie matdeelt, sinn nach eng 100 vu 450 Plaze fräi. Awunner aus deem concernéierte Quartier kënne sech och elo nach fir d'Versammlung aschreiwen, dat op inscription.vdl.lu oder ënnert der Nummer 4796-4444. D'Versammlung ass ee CovidCheck-Event, et gëllt d'3G-Reegel.