
© RTL Grafik
Wéinst der aktueller Situatioun an der Corona-Pandemie kënnt et nees méi dacks zu Ofsoe vun Evenementer.
Hei en Iwwerbléck vun den Annulatiounen, déi d'RTL-Redaktioun bis ewell matgedeelt krut.
Hutt Dir och en Event, dee wéinst der aktueller Covid-Pandemie muss ofgesot oder verréckelt ginn, sot eis Bescheed via eis Email ofgesot[at]rtl.lu.
Lokal
Beefort: Optrëtt vun de Makadammen de 6. Februar ass op sonndes, de 27. Mäerz verluecht.
Dikrech: Cavalcade gëtt vum 27. Februar 2022 op den 8. Mee 2022 verluecht.
Eschweiler: Kannerfuesbal vun der Amicale vun den Eeschweller Pompjeeën de 27. Februar ass ofgesot.
Keespelt: Gala-Concert vun der Musek de 5. Februar an der Musekshal ass ofgesot. Neien Datum ass de 14. Mee.
Mäerzeg: Concerte vu Lyra Ettelbréck vum 5. a 6. Februar op 14. a 15. Mee verluecht.
Réiser: Annulatioun vun der Modeleisebunnsbourse de 6. Mäerz. Leit, déi hiren Dësch reservéiert a bezuelt hunn, kréien hir Suen zréck iwwerwisen.
Schëffleng: Déi 32. Editioun vun der Schëfflenger Kavalkad de 6. Mäerz ass ofgesot.
Sport
De Coupe Match am Handball vun e Mëttwoch den Owend ass coronabedéngt ofgesot. 4 Spiller vun Esch (Krrier, Biel, Petiot, Pucnik ) goufe positiv getest.
De Bureau Executif vun der LASEP informéiert, datt op Grond vun der aktueller COVID-19 Situatioun d’ASSEMBLÉE GÉNÉRALE LASEP an der Maison du Savoir zu Esch-sur-Alzette op den 19. Mee 2022, 17.00 Auer, reportéiert ass.
De Bureau Executif vun der LASEP informéiert, dass opgrond vun der aktueller Covid-19 Situatioun folgend Manifestatiounen ofgesot sinn:
03. Mäerz 2022 - Butzendag an der Coque