Den 3G-CovidCheck op der Schaff kënnt de 15. Januar
Erfëllt e Beschäftegten de CovidCheck net, da kann en net schaffen. E muss da mam Akkord vum Patron Congé huelen, oder e gëtt fir seng Absence net bezuelt.
D’Regierung, d’Gewerkschaften a Patrone si sech iwwert déi praktesch Ëmsetzung vum "3G-CovidCheck" op der Schaff Eens ginn. Dat gouf een e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz vun de Ministere Kersch an Hansen, dem OGBL, LCGB, CGFP an der Unioun vun den Entreprisë gewuer.
Leit, déi nom 15. Januar net geimpft sinn oder net als erëm geheelt zielen, mussen all Dag en zertifiéierte Schnelltest maachen, respektiv e PCR-Test, deen dann 48 Stonne gëlteg ass. Erfëllt e Beschäftegten de CovidCheck net, da kann en net schaffen. E muss da mam Accord vum Patron Congé huelen oder e gëtt fir seng Absence net bezuelt.
D’Regierung mécht weider den Appell, do wou et méiglech ass, op Teletravail zeréckzegräifen.
Et wier awer déi eenzeg Sanktioun a kee Grond fir eng Entloossung. D’sozial Cotisatioune géingen an deene Fäll och weidergoen. Bei Enseignante géinge fir net geschaffte Stonnen, Stonne vum Compte epargne temps ofgerechent ginn, esou de Minister fir d’Fonction publique de Marc Hansen.
Den Nach-Aarbechtsminister Dan Kersch sot et wier e “staarkt Signal” un d’ganz Gesellschaft. Et géing ëm de Gesondheetsschutz duerch d’Impfung goen. De CovidCheck wier déi lescht Optioun, fir e Lockdown oder eng Impfflicht ze vermeiden. D’Regierung géing nämlech alles maachen, fir ze verhënneren, datt Leit stierwen. Déi 3G-Reegel op der Aarbecht gëllt elo mol bis den 28. Februar.
D’Presidentin vum OGBL huet allerdéngs bedauert, datt et keen Accord driwwer gëtt, wien fir d’Tester bezuele muss.
De President vun der Unioun vun den Entreprisen, de Michel Reckinger, huet dat allerdéngs begréisst, well dat zousätzlech Käschte fir d’Betriber hätte kënne ginn.
D’Gewerkschafte sinn awer frou, datt d’Sanktioune limitéiert goufen. Eventuell Amendë beim Net-Respekt vun de Reegelen, géingen iwwerdeems souwuel op de Beschäftegten, ewéi de Patron falen. De CovidCheck op der Schaff leeft eben nom Prinzip vun der Co-Responsabilitéit.
PDF: Pressecommuniqué vun der CGFP
D’Bankegewerkschaft Aleba hat sech en Donneschdeg den Owend an engem Communiqué zum 3G-System op der Aarbechtsplaz geäussert a mengt, dass et net anescht géif goen, wéi dee Wee, allerdéngs misst ee kucken, dass et eben net zu Diskriminatiounen oder Stigmatisatioune kéim.
D’Aleba hofft och, dass d’Regierung mat den Nopeschlänner e séieren Accord géif fannen, fir dass och d’Frontaliere bis zu 2 Deeg d’Woch am Homeoffice kéinte schaffen, ouni fiskal oder sozial Contrainten. D’Effikassitéit vum Teletravail hätt sech déi lescht 2 Joer iwwer bewäert, schreift d’Gewerkschaft, a wëll dofir och d'Regierung gesinn.