Sonndesinterview mam Christian ThillKreativ am Suedel an de Kapp stänneg am Guidon

Luc Marteling
De 55 Joer ale Lëtzebuerger ass zanter Joerzéngten an de Kulisse vum professionelle Vëlossport ënnerwee: Als Coureur, Designer, Model, Fotograf an elo als Creative Director. Ablécker an en zerguttstert kreative Parcours.
Wat mécht e Creative Director am Vëlosbusiness, Christian Thill?
Am Sonndesinterview verréit eis de Lëtzebuerger, dee vu Mäertert ass, bei Hamburg lieft an zu Koblenz schafft, wéi ee Suedelen, Grëffer a Schläich ka vermaarten.

E kënnt – natierlech – mam Vëlo. An net mat iergendengem, mee mat engem Faltrad, also engem Vëlo, deen een op e Minimum kann zesummeklappen. Aus guddem Grond: Esou zielt d’Bicyclette am ëffentlechen Transport an Däitschland nämlech just als Gepäckstéck an et muss ee kee Supplement dofir bezuelen.

Op deem gro-schwaarze Klapp-Vëlo sëtzt de Christian Thill. De Lëtzebuerger ass Joergang 1970, kënnt vu Mäertert, ass dee mëttelste vun dräi Bridder a wunnt elo “vor den Toren Hamburgs”, net méi um Territoire vun der Hansestad, mee schonn an Niedersachsen. En ass also eragependelt, well als Plaz fir de Rendez-vous hat de Christian Thill den Hamburger Alternativ-Café Nasch proposéiert.

Dee läit just e Kazesprong vun den touristeschen Highlighten am Stadzentrum ewech a presentéiert sech direkt mat enger Rëtsch Statementer: E wier LGBTQ+ friendly (schreift Google), et géif ee keng Dëscher reservéieren (annoncéiert d’Homepage) an alles oder bal alles, wat op den Dësch kënnt, wier vegan an hausmaacher (steet am Menu). Direkt nieft dem Nasch ass de Sexshop Fuck Yeah, dee vun engem Kollektiv bedriwwe gëtt, virum Café stinn eng Hellewull Vëloen an e selwer opgeriichte Stroosseschëld kritiséiert déi däitsch Asylpolitik: 11 km bis bei d’Zentrale Erstaufnahme, 53 km bis bei den Abschiebeknast an eppes iwwer 1.800 km bis bei d’Mëttelmier, “déi déidlechst Grenz vun der Welt”.

An anere Wierder: de perfekten Dekor, fir stonnelaang iwwer eng Karriär an der Werbebranche, an der Mediewelt, am Cyclissem ze poteren. An der Stad sinn d’Leit anescht drop wéi um Land. Wat hei immens wichteg ass, spillt dobaussen deemno wéi guer keng Roll”, analyséiert de Christian Thill lakonesch. Hie muss et wëssen, well zu sengem Job gehéiert et, erauszefannen, wéi d’Leit ticken, wat se denken a wat se fillen, op wat se sensibel a fir wat se receptiv sinn. Mee dozou spéider méi.

De Christian Thill huet et gär, wa sech eppes bougéiert, wa sech d’Welt ëm e beweegt oder wann hien d’Welt beweegt, dat gëtt sengem kreative Kapp, wéi et schéngt, ëmmer nei Inspiratioun. Dat war schonn a senger Jugend esou: Egal wou eng Kaz geschleeft gouf, d’Chance war grouss, datt de Christian Thill derbäi war. Ob bei Topegkeeten am Schoulbus d’Sauer erop an den Iechternacher Lycée, ob bei der Schülerzeitung Lëps, ob bei extravagante Konschtprojeten am LCE oder, e bësse méi spéit, bei enger zimmlech mëller Challenge zu Mäertert an der Sir. “Ech weess och net méi, wéi ech dat deemools gepackt hunn, fir nieft deem zäitraubenden Agenturjob nach kreativ Projeten ze maachen.” A wat fir Projeten! Fir d’Camel Creative Challenge huet en an der Baach e risegt Kaméil mat Steng gebaut, als Land Art. “Well déi klassesch Reklammen no an no verbuede goufen, hunn d’Zigarettemarken an där Zäit ugefaangen, no neien Iddien ze sichen.”

À propos Iddien: 1991 huet de Christian Thill am LCE seng Première gemaach, natierlech eng E-Sektioun. Dono wollt en an Däitschland Grafik studéieren, mee fir säi Beräich war e Stage vu 6 Méint Viraussetzung. Dee gouf du bei GiGi Design zu Lëtzebuerg gemaach. “Dat war eng kleng Firma, do hunn ech vu bis gemaach”, erënnert sech de Christian Thill. De Schwéierpunkt vun GiGi Design louch deemools op Vëlostrikoten, op individualiséierten Designs fir Firmaen an op enger eegener Kollektioun. “Fir déi hunn ech och alt gemodelt.” Haut muss en iwwer seng “Modelkarriär” schmunzen.

Deemools wier nach vill op Film geschafft ginn a fir da séier eppes ze änneren, well e Client nach en Hoer an der Zopp fonnt hat, dat wier ëmmer Péng, well Stonnen zousätzlech Aarbecht gewiescht. Dat wier nach an der Ufankszäit vun de Computere gewiescht, ma wéi du mol e Mac mat Illustrator kaaft gi wier, wiere ganz nei Méiglechkeeten opgaangen.

Nei Méiglechkeeten hat och de Christian Thill am Schna. Nom Stage gouf Kommunikatiounsdesign op der Fachhéichschoul zu Tréier studéiert. Dat war – am Réckbléck – den Optakt vun engem relativ wëlle Parcours, an deem sech Ausbildung a Beruff séier vermëscht hunn. “E Frënd vu mir, dee vun Düsseldorf koum, dee wollt net zu Tréier op der FH bleiwen, deen huet ëmmer vun Hamburg gedreemt, mee meng Frëndin ass dunn op Paräis studéiere gaangen.” Ergo goung et nom Virdiplom (haut den Equivalent zum Bachelor) an d’Stad vun der Léift, och well de Christian Thill wollt an Zukunft net méi just zwee-, mee dräidimensional schaffen.

Vu fancy bis too much

Allerdéngs war den tréieresche Virdiplom a Frankräich net unerkannt. Trotzdeem gouf dunn op dem LISAA, dat steet fir L’Institut supérieur des arts appliqués, zu Paräis Moudedesign studéiert ... an hannert der Bün och direkt matgeschafft, zum Beispill bei der PR-Agence Totem fir Marke wéi Mustang a W&LT. “Ech war extrovertéiert, hat Drock deemools gären an hunn et fancy fonnt, all Dag gutt drop ze sinn”, esou de Christian Thill. Flott wier et awer just eng Zäit laang gewiescht, dono wier et him too much ginn.

“Déi Zäit ass et och mat der Haute coutûre biergof a mat der Streatwear biergop gaangen, also Kombie vun Turnschong mat Paltonge waren op eemol méiglech. Eis Missioun als Agence war et, Kleeder an de Medien ze placéieren.” Haut wier seng Aufgab awer eng ganz aner: “D’PR stécht den Ament an enger Sënnkris, well alles an de Socials ass”, fënnt de Christian Thill, deen no sengem Ausfluch an d’Moud Mëtt den 1990er-Joren nees hannescht bei d’Grafik gewiesselt ass a mat Freed festgestallt huet, datt déi jo awer guer net esou zweedimensional ass, an 1998 säin Diplom krut. Mat der Mentioun “très bien”.

“Et war déi beschten Nott, ech wollt ëmmer déi beschten Nott, wa mer eppes un eppes louch. Ech war éiergäizeg an och erfollegsverwinnt.” Déi gutt Nott gouf et iwweregens fir säi Projet Philofoot: Dat war eng Zort Panini-Album mat philosophesche Konzepter, amplaz enger Fussballspiller hat een dann zum Beispill den Descartes. Ech wollt eng ongewinnte Kombinatioun vun eppes maachen an an engem Match fënnt een effektiv sämtlech Konzepter, vun der Vewonntbarkeet iwwer d’Ongerechtegkeet bis zur Iwwerparteilechkeet.” A well et deemools nach quasi keen Internet gouf, wiere vill Recherchen néideg gewiescht, fir sech iwwer Spiller, Vestiairen a Philosophen ze informéieren.

Seine, Rhäin, Elbe

Mat deem Bagage goung et du vun der Seine op de Rhäin an zwar op Düsseldorf bei déi bekannten Agence Grey, wou de Christian Thill séier an der kreativer Spezialunitéit fir nei Clientë gelant ass: “Mir hunn zum Beispill d’Deutsche Bank an och EON gepitcht an hu vill Clienten aus der New Economy akquiréiert, bis déi Blos geplatzt ass an domat lukrativ Clientë verluer goungen.”

Vun Grey goung et dofir Ufank den 2000er-Jore bei en anere ganz groussen Numm aus der Werbebranche: Saatchi&Saatchi. “Ech hunn do zu de jungen Wilden gehéiert. Iwwerstonnen ouni Enn, weekends geschafft, vill gereest, alles kee Problem”, erënnert sech de Christian Thill a mat besonnesch vill Houfert denkt drun zréck, datt een déi däitsch Telekom als Client gewonnen hätt. “Mir hunn du mam Till Schweiger, Robbie Williams geschafft. A mam Steffi Graf an André Agassi fir de berüümte Yeti-Spot fir eng Chrëschtpromotioun vun der Telekom.” Deemools wieren d’Budgete fir Werbefilmer riseg gewiescht, esou wéi fir richteg Filmsetten.

Virbereet gouf se am Tour de Suisse, gewisen an der Zäit vum Tour de France: Un dëser Campagne vun T-Mobile mam Jan Ullrich huet de Lëtzebuerger Christian Thill matgeschafft.
Virbereet gouf se am Tour de Suisse, gewisen an der Zäit vum Tour de France: Un dëser Campagne vun T-Mobile mam Jan Ullrich huet de Lëtzebuerger Christian Thill matgeschafft.
© Deutsche Telekom

En Haaptgrond, fir weider an Däitschland ze schaffen, waren dann och d’Méiglechkeeten do: “Ech wollt erfannen, wollt konzipéieren.” Besonnesch spannend gouf dat, wéi Campagnen ze maache ware fir T-Mobile: “Ech war zanter menger Jugend vëlosaffin an hat Kontakter an där Welt. Op der Tour de Suisse hu mir du mam Jan Ullrich Motiver fir eng Tour-de-France-Campagne produzéiert.” Deemools huet de Christian Thill och nees méi selwer fotograféiert. Et koum zu enger gréisserer Fotostreck am Magazin vun der Süddeutsche Zeitung, déi e matbetreit huet, zu enger ganzer Ausstellung an der Schwäiz mat eegene Vëlosmotiver an zu der Publikatioun vum Buch Captured” vum Tino Pohlmann, an deem och den Andy Schleck veréiwegt ass.

Déi professionell Rees vum Christian Thill goung awer weider. Wéi d’Frëndin op Hamburg wollt, goung et eeben un d’Elbe – an domat fort vu Saatchi&Saatchi zeréck bei Grey, als Creative Director. Wéi d’Telekom dunn awer en neie Chef krut, nom Ron Sommer waren de Kai-Uwe Ricke an de René Obermann drun, gouf dZuel vun Agencen, mat deenen zesummegeschafft gouf, massiv reduzéiert, wouvun och Grey betraff war. Kee Problem fir de Christian Thill: “Ech hu mech du selbststänneg gemaach an d’Agencë konnte mech géint en Dagessaz buchen. Parallel dozou hunn ech eege Clienten, dorënner d’Vëlosmark Canyon an de Komponenteproduzent Ergon, déi alle béid vun zwee Arnold-Bridder zu Koblenz opgebaut gi waren. Vun 2013 bis 2016 hunn ech fir si als Freelancer zu Koblenz geschafft, als Brand Manager.”

Et wier awer schwiereg gewiescht, sech tëscht béide Boîtten opzedeelen: Béid wieren extreem ustrengend, well immens erfollegräich gewiescht. “Mir hu gutt Saache gemaach, mee am Fong hunn ech als Freelancer méi gäil Saache konnte maache wéi als Insider.”

Vill Entscheedungen

Iergendwann huet de Christian Thill se du mussen entscheeden, tëscht Canyon an Ergon aus dem Ëmfeld vum Franc Arnold senger Firma RTI, wat fir “Radsport, Triathlon, Innovation” steet, an de Choix ass op Ergon gefall. Virleefeg. Well säi Profil als vëlosaffinen a sproochbegabte Lëtzebuerger war nämlech perfekt fir eng ganz nei Erausfuerderung: Nodeems déi Schwäizer Vëlosmark Scott déi däitsch Vëlosmark Bergamont opkaaft hat, koum dëse Message op Hamburg: “Komm, mir gesinn eis.” Mam Resultat: De Christian Thill ass fir d’éischt PR- a Kommunikatiounsmanager an dono Head of Marketing ginn, fir d’Mark Bergamont nei opzebauen an zwar fir eng Mark fir Urban Mobility Bikes draus ze maachen – also fir Lastenräder, Falträder an E-Biken. Eppes hat de Christian Thill awer ënnerschat: “Bei Canyon an Ergon war ech qualitativ an der Champions League. D’Produite vu Bergamont waren do op engem aneren Niveau a wann s de dann als Designer sees, eise Produit ass net gutt genuch, da méchs de der natierlech Feinden am Betrib.”

“Wann s de dann als Designer sees, eise Produit ass net gutt genuch, da méchs de der natierlech Feinden am Betrib.”
Christian Thill

Vun 2016 bis 2024 war de Lëtzebuerger bei Bergamont. Mee wéi Scott op eemol a koreanescher Hand war a vill Leit gaange sinn, koum et geleeën, datt sech de Kontakt zu RTI nees intensivéiert hat. Et goung also hannescht un de Rhäin, als Creative Director a mam Deal, dräi Deeg d’Woch zu Koblenz ze sinn, de Rescht duerf an Norddäitschland an der Géigend vun Hamburg am Homeoffice geschafft ginn. An anere Wierder: e Pendler vun der Extraklass, well de Christian Thill fiert zanterhier reegelméisseg vun der Elbe un de Rhäin respektiv d’Musel an nees zréck.

“Die Bahn schickte mir 61 Briefe auf einmal”

Dat erkläert dann och, wéi et zu enger ongeheierlecher Bréifaktioun vun der Deutsche Bahn konnt kommen. “Meng Fra huet mech op eemol kontaktéiert, ech hätt op ee Coup 30 Bréiwer vun der Bunn kritt. Den Dag drop koumen der dunn nach emol esou vill, alles an allem 61 Stéck. Wat war geschitt? Ech hu vun der Firma aus eng Bahncard100first, kann also esou vill Zuch fueren, wéi ech wëll. A well meng Zich dacks Verspéidung hunn, hunn ech der DB dat matgedeelt, iwwer hire Formulaire. Vläicht spréngt jo eng Remise fir d’Firma dobäi eraus, duecht ech mer. A wat huet d’Bunn gemaach? Vu menger Lëscht mat sämtleche Retarden huet si aus all Fall ee Bréif gemaach.” De Christian Thill rëselt nach haut de Kapp doriwwer a verweist op en Artikel vun der Bildzeitung, deen iwwer Bild.de nach ëmmer opzeruffen ass. “Die Bahn schickte mir 61 Briefe auf einmal – Pendler (55) hatte sich über ständige Verspätungen beschwert”, hat déi genësserlech getitelt. Wéi kéint een hir et verdenken?

© Bild.de (Screenshot)

A wat huet de Christian Thill gemaach? Deen huet nach eng drop gesat a seng Deutsche-Bahn-Story och nach musikalesch verschafft, andeems e mat der KI Suni e Song gemaach huet ...

Esou vill zum Theema Kreativitéit. Mee wat genee mécht e Creative Director? Do muss de Christian Thill net laang iwwerleeën: “Ech si verantwortlech fir d’Kreatioun, kucken nom Erscheinungsbild vun der Mark. Ech këmmere mech net ëm den Design, also d’Ausgesi vum Produit, dat maachen anerer.” Hie géif och ouni Team schaffen, muss – wann néideg – awer Saache veränneren, also Changementer op d’Rei bréngen, “anschieben”, géif een op Däitsch soen. Säin Job ass de Storystelling, “et geet ëm Narrativen an Emotiounen”. A fir dat ëmzesetzen, leet en e Creative Lab, mat Fotografen, Grafiker, Social-Media-Leit.

Suedelen, Grëffer, Schläich a Cargo-Biken

Mee de Christian Thill ass net einfach fir Vëloen zoustänneg, seng Produite si vill méi spezifesch. Bei Ergon geet et ëm “Zubehör”, also ëm Komponenten, méi genee ëm Suedelen (oder Siedel) an ëm Grëffer – also ëm d’Kontaktpunkte vum mënschleche Kierper mam Vëlo, datt déi esou agreabel, esou ergonomesch wéi méiglech sinn, datt ee méi laang oder besser oder méin séier domat ka fueren. Bei der neigegrënnter Mark Aeron geet et dogéint ëm ultraliicht Schläich aus TPU, wat fir thermoplastesche Polyurethan steet. “Dat ass en immens spannende Stoff a well en an engem Vëlo quasi onsiichtbar ass, ass et en Defi, doraus eppes ze maachen.” An d’Zil wier kloer, esou de Christian Thill: Et wéilt ee Leader um Maart ginn, mat engem liichten a panneséchere Schlauch, fir deen och nach soll e Pannespray wéi beim Auto entwéckelt ginn. An da gëtt et och nach d’Mark Ca Go fir Cargo-Biken, eppes, wat en nach gutt vum fréieren Job bei Scott/Bergamont kennt.

Déi dräi Marke gehéieren zu RTI, fir déi eng 160 Leit zu Koblenz schaffen – op engem Campus mat Entwécklung, Vertrib, Marketing a Management. A fir d’Produiten ze hypen, hätt een och Weltmeeschterinnen a Weltmeeschter ënner Kontrakt. De Christian Thill ass formell: “Topp Produiten, topp Leit.”

“Kreativitéit ass keng Fro vun Alter, soss wier ech scho laang net méi gefrot.”
Christian Thill

“Mat der Mark keefs de e Liewensgefill”, esou seng Equatioun. Dofir wier et wichteg, u gesellschaftlech Stréimungen unzeknëppen. “Ville geet et haut manner ëm Statussymboler, manner ëm Besëtz, dofir méi ëm Wäerter, ëm Feminismus, ëm d’Queer-Community, ëm d’Vegan-Sinn.” Dofir misst haut alles emotional an intim sinn. Esou kéim et zum Beispill nieft der Performance vun engem Sportler och op d’Persoun selwer un – also roueg dono och den Athleet an der Äisbidde weisen. “Dat muss een net gutt fannen, et muss een awer wëssen, datt et haut esou funktionéiert.”

Déi lescht Campagne fir en neie Suedel vun Ergon gouf iwweregens am Grand-Duché gedréit. Fir Insta. D’Fro, déi de Christian Thill dobäi ze beäntweren hat: “Wou featurë mer déi Campagne? Wéi stelle mer se strateegesch op, fir méiglechst vill Trafic ze generéieren?”

No ville Joren am Beruff ass eng Erkenntnis vum Christian Thill: “Am Marketing geet et net drëms, esou vill ewéi méiglech ze erzielen, mee et geet drëm, eppes esou dacks ewéi méiglech ze erzielen an dat esou kreativ ewéi méiglech.”

Haut géif de Marché nämlech ganz anescht funktionéiere wéi fréier. D’Verweil-Dauer op Social Media léich bei dräi Sekonnen, do misst ee stänneg Neies produzéieren. “Oder guer näischt méi a just nach iwwer Influencer a Sportler kommunikéieren. Ech sichen déi ganz perséinlech Fäegkeet vu Mataarbechter, fir Emotionalitéit ze kreéieren.” Leider wieren och jonk Leit schonn dacks al am Kapp: “Kreativitéit ass keng Fro vun Alter, soss wier ech scho laang net méi gefrot.”

Mat dëser Zäitschrëft goung alles un, iwwer si koum de Christian Thill bei de Cyclissem.
Mat dëser Zäitschrëft goung alles un, iwwer si koum de Christian Thill bei de Cyclissem.
© Christian Thill (Foto)

Bleift d’Fro, wéi de Christian Thill iwwerhaapt zum Vëlo koum: “Tatsächlech sinn ech iwwer e Printmedien zum Vëlofueren oder éischter zum extreeme Vëlofuere komm, Vëlo sinn ech jo scho virdru gefuer. Mee déi Fotoen am Miroir du Cyclisme vun 1985 hu mech däermoosse faszinéiert, déi Coureuren, déi wéi modern Gladiatoren um Vëlo gekämpft hunn, de Bernard Hinault, deen trotz gebrachener Nues säi fënneften Tour de France gewonnen huet. Wansinn. Déi Zeitung hunn ech nach haut.”

A well de Christian Thill net just faszinéiert, mee och talentéiert an éiergäizeg war, huet hien et séier an d’Lëtzebuerger Nationalekipp gepackt. A mat där gouf et op de JPEE op Zypern am Ekippefuere souguer eng Bronze-Medail, am Eenzel war et déi, bei 46 Grad an als beschte Lëtzebuerger, déi ondankbar 4. Plaz ...

Déi deemoleg Vëlosnationalekipp: Zanter senger aktiver Zäit ass de Christian Thill (ganz riets) an de Kulisse vum Vëlossport doheem.
Déi deemoleg Vëlosnationalekipp: Zanter senger aktiver Zäit ass de Christian Thill (ganz riets) an de Kulisse vum Vëlossport doheem.
© Archiv Christian Thill

... ma dat ass laang hier a just eng Etapp vu villen op engem beruffleche Parcours, deen un dee vun engem Tour de France erënnert: biergop, biergof, am Sprint, am Peloton, en solitaire, par équipe a mat ville Kéieren, vun deenen déi lescht sécher nach net gefuer sinn.

Back to Top
CIM LOGO