Affär Engel/CSV-FrëndeskreesParquet wëll net an Appell goen, et bleift beim Fräisproch fir de Frank Engel

RTL Lëtzebuerg
De Parquet akzeptéiert d'Urteel aus éischter Instanz, deemno bleift et beim Fräisproch fir de Frank Engel an der Affär CSV-Frëndeskrees.
© Didier Weber / RTL (Archiv)

Dem Frank Engel gouf Bedruch, Vertrauensmëssbrauch, Blanchiment a Fälschung virgehäit. Haaptuleies vum Prozess war eng Aarbechtssituatioun tëscht him an der ASBL CSV-Frëndeskrees. Nieft him waren awer och nach sechs aktuell CSV-Memberen ugeklot.

Viru Geriicht hu sech nieft dem Frank Engel missen de fréieren CSV-Generalsekretär Félix Eischen an den André Martins, deen deen Ament Tresorier vun der ASBL war, misse veräntwerten. Si hunn de Kontrakt mam Frank Engel mat ënnerschriwwen. Awer och d’CSV-Memberen Elisabeth Margue a Stéphanie Weydert, deemools Vizepresidentinnen, souwéi de Georges Pierret an de Georges Heirendt stounge wéinst Bedruch a Vertrauensmëssbrauch viru Geriicht.

Si alleguerte si fräigesprach ginn an éischter Instanz an dobäi wäert et dann och bleiwen.

Op de soziale Medie begréisst den Ex-Parteipresident Frank Engel d’Decisioun vum Parquet dem Urteel keng Suitten ze ginn. Denunzianten hätten hien net gebrach. Elo hätt hie säi Liewen zréck. “Ech wollt menger Partei a mengem Land déngen”, fiert de Frank Engel weider. Dat géif net méi an där aler Partei goen, mä op enger “anerer Plaz” séier wuel. Domadder stellt de Ex-CSV-Politiker op en neits eng nei politesch Aventure an Aussiicht.

Schreiwes

Communiqué du Parquet général et du parquet de Luxembourg dans le cadre de l’affaire Frank Engel/CSV-Frëndeskreess
(16.12.2021)

Après analyse du jugement de première instance, les autorités de poursuite (Parquet général/parquet de Luxembourg) ont décidé qu’elles ne relèveraient pas appel dans l’affaire “Frank Engel/CSV-Frëndeskreess”.

Les autorités de poursuite acceptent la décision qui a été prise souverainement par la 12e chambre correctionnelle du tribunal d’arrondissement de Luxembourg.

Back to Top
CIM LOGO