Och iwwert d’Steiergerechtegkeet ass dëst Joer eng grouss Debatt an der Chamber virgesinn.

Ma de Wirtschafts- a Sozialrot - e Gremium an deem Staat, Patronat a Gewerkschaften vertruede sinn - huet en Donneschdeg een Dokument publizéiert, dat als Basis fir d’Debatt kéint déngen. An zwar eng "Analys iwwert déi steierlech Donnéeën zu Lëtzbuerg am Joer 2021".

Interessant ass ënnert anerem, datt am Géigesaz zu der leschter Analys vun 2018, den Impakt vun der Steierreform vun 2017 an e gewësst Glätten an der Mëttelschicht sech an den neien Zuelen erëmspigelt. Et bleift awer esou, datt och no der Reform nach ëmmer besonnesch d’Akommesklassen, déi tëscht 40.000 a 70.000 Euro an déi, déi tëscht 200.000 an 350.000 Euro d’Joer verdéngen, dem Staat am meeschten Akommessteier erabréngen.

RTL

Verdeelung Stéit no Akommesklammes am Joer 2018.

RTL

Verdeelung Stéit no Akommesklammes am Joer 2021.

Keng Ännerung gëtt et och beim Constat, datt d'Grondsteier zu Lëtzebuerg nach ëmmer eng vun den niddregsten an Europa ass, mä de Premier Xavier Bettel huet jo e Gesetzprojet virum Enn vum Joer nach ugekënnegt. D’Vertrieder vun de Salariéeë vermësse bei der Grondsteier virun allem, datt déi net gestaffelt ass.

Patronat a Gewerkschafte formuléieren am Avis e puer Recommandatiounen oder Warnungen. Béid Säite sinn zum Beispill fir eng Upassung vun de Steier-Tariffer un d’Inflatioun. D’Vertrieder vun de Patrone si par konter dogéint, datt déi Upassung automatesch soll sinn.

754 Milliarden Euro un Dividenden, déi steierlech begënschtegt sinn, sinn 2018 duerch Lëtzebuerg transitéiert. Dat pickt d’Wochenzeitung d’Lëtzebuerger Land e Freideg aus der neier Analys vum Wirtschafts- a Sozialrot eraus, déi en Donneschdeg publizéiert gouf. Dacks leeft dat iwwert sougenannte Soparfien, also Aktiegesellschaften, déi dem Lëtzebuerger Recht no eng Rei Virdeeler par Rapport zum Ausland hunn. Déi Soparfien hunn zanter de LuxLeaks 2014 bis 2016 u Gewiicht zougeholl a stelle ronn e Véierel vun de Recettë vun der Betribssteier a vun der Gemengesteier a 70% vun der Verméigenssteier duer.

Aus der Analys vum Wirtschafts- a Sozialrot geet déi grouss Ofhängegkeet vun der Finanzplaz ervir, mä weder Staat, nach Patronat oder Gewerkschafte fanne konkreet Proposen, fir méi onofhängeg oder méi nohalteg ze ginn, sou d’Land.