Eng nei Analys soll weisen, dass 475 Zebrasträifen an der Stad net konform sinn. E Resultat, dat d'Stad Lëtzebuerg net op sech sëtze léisst.

Fir dës Analys huet den Zentrum fir Urban Gerechtegkeet (ZUG) Zebrasträifen an der ganzer Stad ënnert d'Lupp geholl. Et gouf gekuckt, ob d'Foussgängersträifen an d'Ëmfeld d'Reegele vum Code de la route respektéieren.

De Code beseet, dass Parkplazen am Ëmkrees vun Zebrasträife minimum 5 Meter vum Foussgängeriwwergank wäit ewech si mussen. Konklusioun vun der Analys: 475 vun 1.787 Zebrasträifen an der Stad Lëtzebuerg sinn net konform an domat illegal. Dat och wéinst dëser 5-Meter-Reegel.

RTL

Déi rout Punkte markéieren d'Zebrasträifen, déi net konform sinn. Déi giel Punkte markéieren Zebrasträifen, bei deenen den ZUG sech net sécher ass iwwert d'Konformitéit. / © Zentrum fir Urban Gerechtegkeet

Dem Patrick Goldschmidt, Verkéiersschäffe bei der Stad Lëtzebuerg, ass d'Analys bekannt. Mam Resultat ass een awer net averstanen. Et géing ee sech ëmmer un e Leitfaden halen. Dëse géif Interpretatioune vu Gemengen- an Ministère-Säiten beinhalten.

De Verkéiersschäffe kritiséiert, dass dës Analys mat Hëllef vun enger Geo-App gemaach gouf. Et kéint een esou Konklusiounen awer just zéien, wann ee sech d'Situatioun op der Plaz ukuckt. D'Konformitéit vun engem Zebrasträifen iwwert e Satellittebild beurteelen, wier schwiereg. Sou goufe vum ZUG zum Beispill Zebrasträifen als net konform aklasséiert, obwuel op dëse Plaze rout Luuchte sinn.

D'Stad Lëtzebuerg begréisst den Interessi, d'Sécherheet vun de Foussgänger ze erhéijen, dës Analys wier awer net onbedéngt richteg.

Nodeems d'Resultater vum ZUG publizéiert goufen, huet d'Stad Lëtzebuerg hir Leit op d'Plaze geschéckt an d'Situatioun technesch analyséiere gelooss. Et koum een zur Konklusioun, dass héchstens 32 vun den 1.787 Zebrasträifen an der Stad ze verbessere sinn. Dës Plaze wéilt een elo méi genee ënnert d'Lupp huelen an noutwenneg Aarbechten ënnerhuelen.