De Mouvement écologique dogéint reagéiert op den Interview mam CSV-Schäffen a wiert sech géint d'Ausso "Fake News".

Dat si falsch Informatiounen, déi vun der Presidentin vum Mouvement écologique iwwer de Bauprojet Villeroy&Boch verbreet ginn an dat kënne mir als Stad Lëtzebuerg esou net stoe loossen. Dat seet de Stater CSV-Schäffe Serge Wilmes a bezitt sech op Aussoe vum Blanche Weber. Si war e Méindeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Doranner huet si de Projet op den ale Frichë vu Villeroy&Boch nawell ferm kritiséiert. Hei wier eng Chance verpasst gi fir méi Grénges, méi douce Mobilitéit, fir eng besser Ubannung un aner Quartieren oder fir alternativ Wunnformen.

Wat d'Madamm Weber gesot huet, ass alles falsch. Dëse Projet wier eng richteg Chance fir de Quartier Millebaach an de Rollenger Gronn an eng richteg Plus-value, sou de Serge Wilmes.

"Dat si fir mech Fake News, déi si do ëmgaangen ass ze verbreeden iwwer de Projet an et ass net nozevollzéien, wéi een esou Aussoe ka maachen. Dat weist u sech just eppes, dass een de Projet iwwerhaapt net kennt a sech guer net domadder ausernee gesat huet. Do entstinn 800 Wunnengen, woubäi herno der bal d'Hallschent wäerten an ëffentlech Hand sinn. An déi wäerten den Ament och abordabel sinn. Do wäert e Park entstoen. Do ass ee matzen an dem gréngsten Deel vun der Stad quasi. Vis-à-vis huet een de Bambësch an déi aner Säit huet een de Bësch, deen op de Lampertsbierg eropgeet. Do wäert héchstwarscheinlech och e Lift hikommen, deen de Lampertsbierg mat der Millebaach verbënnt. Eis Servicer sinn ëmgaangen, do konkret drop ze schaffen. Den ëffentleche Raum, dat wat ee sicht, fir ze Fouss ze goen a fir mat de Vëloen ze fueren, do wäert eng Quartiersplaz entstoe mat Butteker ronderëm, déi et den Ament esou an der Millebaach an am Rollenger-Gronn net gëtt. Et ass een zukunftsweisende Projet a genau déi Form vu Quartier respektiv vu Projet, déi ons Quartiere brauchen."

Donieft hat d'Presidentin vum MouvEco och kritiséiert, dass zwar am neie Pacte Logement géing stoen, dass bei neie Projeten op d'mannst 15 Prozent soziale Wunnengsbau misst dra sinn. Hei géing een awer nach séier e Projet duerchsetzen, wou nëmmen 10 Prozent virgesi sinn. Och dat léisst de Serge Wilmes esou net stoen.

"De Projet, de PAP, war scho lescht Joer fäerdeg an ass dunn och an d'Prozedur gaangen an dunn huet nach den ale Pacte Logement gespillt. Dowéinst sinn an dem privaten Deel just 10 Prozent virgesinn, mä ech kann Iech awer soen, dass den Deel, deen der Stad Lëtzebuerg gehéiert - dat si bal 40 Prozent vun den Terrainen - dee wäert ganz an den abordabelen, respektiv an sozialen, respektiv an nei Wunnforme wéi kooperatiivt Wunne goen. Sou dass mer zesummegerechent duerno vun 800 Wunnengen der bal 400 wäerten hunn, déi ënnert dem Marchéspräis wäerten un d'Leit goen."

Dat wier eng immens grouss Zuel an et géingen net vill Projeten ginn, wou dat de Fall wier. Deemno wieren och dat falsch Informatioune vun der Blanche Weber, kritiséiert de Stater CSV-Schäffe Serge Wilmes.

Mouveco wiert sech géint Ausdrock "Fake News"

Beim Mouvement Ecologique dogéint wiert ee sech géint den Ausdrock "Fake News". An engem Schreiwes, wat als Reaktioun op den Interview mam Serge Wilmes koum, hätt de Stater Schäffen den Ausdrock "Fake News" an dëser Situatioun mëssbraucht. "Verschidde Virstellunge vun der Stadentwécklung sollen offen, lieweg a kontradiktoresch diskutéiert ginn. Grad dës Debattekultur ass méi néideg wéi jee, gehéieren zur Demokratie, et soll een déi net diskreditéieren duerch falsch Ausdréck." Esou de Mouveco.

Si weise weider an hirem Schreiwes op Defiziter am Mobilitéitsberäich vum Projet "Villeroy & Boch" hin  a weisen och drop hin, datt d'Stater Gemeng dem offiziellen Dossier no just 10 Prozent abordabele Wunnraum virgesäit, net 15%, wéi de Pacte Logement 2.0 virgesäit, deen zanter de Samschdeg a Kraaft ass, an och net 40 Prozent, wéi d'Stad Lëtzebuerg selwer seet.