Schold ass net den Eenzelen, mä e gesamte Wirtschaftssystem
E Méindeg de Moie war d'Presidentin vum Mouvement écologique eis Invitée vun der Redaktioun.
Mir iwwerdreiwen hei am Land. Dat ass de Grond, dass Lëtzebuerg als zweet Land weltwäit säi sougenannten „Overshoot Day" schonn erreecht huet an dass d'Lëtzebuerger an d'Lëtzebuergerinnen esou e groussen ekologesche Foussofdrock hunn. Dat sot d'Presidentin vum Mouvement écologique, d'Blanche Weber, e Méindeg de Moien am RTL-Interview. Schold wier net den Eenzelen, mä e gesamte Wirtschaftssystem, deen nëmmen op Wuesstem géif baséieren. Do misst een usetzen, wann een eppes wéilt änneren. D'Regierung géif dat awer net maachen a just ëmmer weider op Niche-Produite setzen (Stéchwuert Google), bei deenen immens vill Energie, Waasser a Land géing verbraucht ginn. Donieft géing och d'Aarbecht nach ëmmer méi héich besteiert gi wéi den Ëmweltverbrauch an och do kéint d'Regierung usetzen. Et wier also net, fir mam Fanger op den eenzele Bierger ze weisen, mä de System misst geännert ginn, d'Regierung misst d'Jalone setzen.
Leit, déi vill verdéngen, consomméieren dacks och méi
Natierlech kéint awer och all eenzele säi Bäitrag leeschten. Zum Beispill kéint ee sech kloer dogéint entscheeden, en SUV ze kafen. Et misst een och ganz kloer soen, dass virun allem Leit, déi vill verdéngen, och vill consomméieren, méi an d'Vakanz fueren an déi e manner ökologescht Verhalen hunn, sou d'Blanche Weber. An de Staat misst donieft awer och Leit mat manner Sue begleeden. Zum Beispill och bei der CO2-Steier. Et wier net normal, dass déi Erhéijung vun der CO2-Steier fir akommesschwaach Stéit net méi kloer kompenséiert gëtt. Dat wier awer versprach ginn, sou d'Invitée. D'Regierung géing do Beweiser schëlleg bleiwen.
Kritik um Projet Villeroy&Boch
Eng weider Kritik gouf et um Bauprojet Villeroy&Boch an der Millebaach an der Stad. Hei wier eng Chance verpasst gi fir méi Grénges, méi douce Mobilitéit, fir eng besser Ubannung un aner Quartieren oder fir alternativ Wunnformen. Deem widdersprécht de Stater Schäffe Serge Wilmes awer. An dat wier e Probleem bei ville Projeten hei am Land. Donieft stéing am neie Pacte Logement, dass bei neie Projeten op d'mannst 15 Prozent soziale Wunnengsbau misst dra sinn. Hei géing een awer nach séier e Projet duerchsetzen, wou nëmmen 10 Prozent virgesi sinn, kritiséiert d'Presidentin vum MouvEco.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.