EnergiedëschChamber an d'Gewerkschafte reagéieren op d'Annoncen

Diana Hoffmann
Frank Goetz
De Gewerkschaften an och Deeler vun der Oppositioun ginn d'Mesuren, déi nom Energiedësch annoncéiert goufen, net wäit genuch.
Oppositioun ginn Energiedësch-Mesuren net wäit genuch
D’Majoritéitsparteie schwätzen dogéint vu wierksamen Hëllefen.

E Pak vu 75 Milliounen, mat deenen d’Stéit vun den héijen Energiepräisser entlaascht solle ginn. De Fait, dass d’Regierung Mesuren zu Gonschte vu de Residenten annoncéiert huet, gëtt an der Chamber appreciéiert. Do war en Dënschdeg de Moien eng Reunioun vun net manner ewéi véier Kommissiounen zesumme mat der Regierung. D’Majoritéitsparteie schwätze vu wierksamen Hëllefen. D’Oppositioun ass do net esou iwwerzeegt. Der CSV geet de Pak net wäit genuch. De Co-Fraktiounschef Gilles Roth gëtt ze bedenken, dass d’Deierecht och d’Mëttelschicht touchéiert.

Gilles Roth (CSV)

“D’Leit kréien dat net kompenséiert. Do ginn och 200 bis 400 Euro als eemoleg Energie-Primm net duer. Wann ee bedenkt, dass haut en Heiztank 2.000 Euro méi kascht ewéi virun zwee Joer, an dass d’Avancen um Gas sech verduebelen, a wéi vill de Sprit méi deier ginn ass, da si mir der Meenung, dass ee muss noleeën. Mir proposéieren, dass d’Allocation de vie chère insgesamt fir méi Leit accessibel gëtt. Déi Mesure wär méi cibléiert gewiescht. Hei gëtt elo net un déi Leit am ländleche Raum geduecht, déi awer nach op den Auto ugewise sinn.”

Och den ADR-Deputéierte Fred Keup wëll d’Regierung net luewen, éier ee genee weess, ob d’Mesurë gräifen. D’Deputéiert vun déi Lénk Myriam Cecchetti zweiwelt drun, dass d’Leit mat niddregem Akommes, déi d’Allocation de vie chère am meeschte brauchen, se iwwerhaapt ufroen. D’Demarchë missten hirer Meenung no nach méi onkomplizéiert sinn.

De Marc Goergen vun de Pirate begréisst awer grad, dass d’Formulairë fir dës nei Hëllefen elo op guichet.lu ausgefëllt an agereecht kënne ginn.

Marc Goergen (Piraten)

“D’Leit kënnen herno digital déi Primmen ufroen. Dat ass e grousse Virdeel. Si mussen net op iergendeen Office goen. Mir sinn net esou zefridden, dass déi Acompte bei Gas e bëssen daueren. Do muss elo nach e Gesetz gemaach ginn, fir dass dat aus dem Budget ka geholl ginn. Dat ass schued, well d’Leit déi Suen elo brauchen. Do hätt een och eng digital Léisung kënne fannen. Am grousse Ganzen si mir Piraten zefridden.“

Allerdéngs misst een elo ofwaarden, wéi een Impakt eventuell nei Indextranchen hätten. Wa Leit doduerch nees net méi eligibel fir dës Aidë géife ginn, misst nogebessert ginn, fënnt de Marc Goergen.

Den Energieminister Claude Turmes huet um Bord vu senger Entrevue an der Chamber annoncéiert, dass en Dënschdeg op internationalem Niveau och kéint eng Decisioun geholl ginn, déi de Leit zegutt kënnt, déi mat Mazout heizen. D’USA, Japan oder nach Südkorea géife mat grousser Warscheinlechkeet decidéieren, den Ueleg aus hire Stocken op de Marché ze ginn, fir d’Präisser ze drécken. Dovu geet op d’mannst de Claude Turmes aus.

Déi Lénk soe sech an engem Communiqué en Dënschdeg onzefridde mat de Mesurë vun der Regierung. Et géing eng allgemeng Entlaaschtung kommen, mee d’Hëllefe fir déi méi akommesschwaach Stéit géing “hannen a vir” net duergoen. All Stot, deem säin Akommes ënnert dem Medianakommes läit, misst d’Päisshausse integral kompenséiert kréien, esou déi Lénk.

PDF: D'Schreiwes vun déi Lénk

Back to Top
CIM LOGO