No Corona-Doud vu Papp a GroussmammDemir Kolic "Dat ass dat schlëmmst, wat ech a mengem Liewe matgemaach hunn"

RTL Lëtzebuerg
1 Persoun ass en Dënschdeg um oder mam Coronavirus gestuerwen. Am Ganze sinn dat der elo 992. Zuelen, hannert deenen all Kéier ee Schicksal stécht.
Covid Temoignage vum Demir Kolic
De jonke Mann huet säi Papp a seng Groussmamm a kuerzer Zäit hannerteneen un de Covid verluer.

An e Mënsch, dee Famill a Frënn an déiwer Trauer hannerléisst. Ee vun hinnen ass den Demir Kolic. De jonke Mann huet bannent e puer Wochen direkt zwee Léiwer verluer: säi Papp a seng Bom. Hie wollt eis seng Geschicht erzielen, fir de Leit d’Aen opzemaachen, wéi hie selwer seet.

Mat nëmme 45 Joer ass dem Demir säi Papp, e sportleche Mann ouni Virerkrankungen, um Covid gestuerwen. De 5. Abrëll 2021 huet hien de Kampf géint de Virus verluer. Zanterhier geet den Demir all Woch op de Kierfecht. “All déi schéi Momenter, déi ech mat him erlieft hunn, kommen erop. Wann ech hei hinner kommen, fillen ech einfach, dass ech mat him sinn”, seet den 22 Joer jonke Mann, wéi mir beim Graf vu sengem Papp stinn. Hien huet déi brutaalste Säit vum Coronavirus kennegeléiert, esou den Demir. Just e puer Woche virum Doud vu sengem Papp huet hien nämlech och seng Bom op déi selwecht Manéier verluer.

Demir Kolic: “Ech hunn et nach ëmmer net 100% verdaut. Et hat ee keng Zäit sech virzebereeden op den Dout.”

Ugefaangen huet alles am Februar d’lescht Joer. Gläichzäiteg wéi de Rescht vun der Famill, infizéiert och dem Demir säi Papp sech mam Coronavirus. No harmlose Symptomer, wéi Kappwéi an Houscht, verschlechtert d’Situatioun sech awer séier. Hie kritt keng Loft méi. Dem Demir säi Papp kënnt also an d’Spidol a gëtt direkt do gehalen. Woche voller Ongewëssheet fänken un. Zwee Mol gëtt hien an e kënschtleche Koma geluecht. Nach wärend deem zweete Koma gëtt hien op Köln verluecht, wou hien un eng sougenannt ECMO-Maschinn ugeschloss gëtt.

Demir Kolic: “Dat war dat schlëmmst, wat ech a mengem Liewe konnt materliewen. Dat war eppes, wat ech kengem wënschen. Du gees an d’Klinik a gesäis däi Papp, wéi e mat enger Maschinn beotemt gëtt. An do spillt de ganze Kierper mat. Wann s du mat Sauerstoff voll ‘gepumpt’ gëss, et ass net agreabel – net fir ze kucken an net fir nozelauschteren, wéi dat funktionéiert.”

Obwuel säi Papp him scho laang net méi äntwere konnt, huet den Demir weiderhi mat him geschwat.

Demir Kolic: “Et war eng Situatioun, do hunn ech him gesot, dass hie sech keng Suerge soll maachen. Ech passen op meng Famill op. Ech si fir meng Famill do. An dass ech hie gär hunn, dass hie mäi gréisst Idol ass an ech alles géif maachen, fir hien ze retten, mee et leider net klappt. A seng Reaktioun war, dass hien Tréine gelooss huet. Dat wäert ech ni a mengem Liewe vergiessen.”

Matzen an där schwéierer Period ass dem Demir seng Bom un der Infektioun gestuerwen. Zäit, richteg ze traueren, haten den Demir a seng Famill net. Ronn dräi Woche méi spéit ass dunn och säi Papp gestuerwen. Eng belaaschtend Situatioun fir den Demir a seng méi jonk Geschwëster. “Dat sinn Narben, déi bleiwe fir ëmmer”, esou den Demir.

Narben, déi bal ee Joer méi spéit nach net verheelt sinn. Hie géing elo réischt ufänken, dat Erlieften ze verschaffen, seet den Demir. An dat bräicht Zäit. Vill Zäit.

Back to Top
CIM LOGO