De CGDIS mellt um Méindeg 5 Accidenter op der Strooss mat 7 Blesséierten. Weider gouf 1 Persoun beim Hamilius vum Tram ugestouss. De Samu war op der Plaz.

Wéi d'Police mellt, gouf de Mann awer nëmme liicht blesséiert a koum fir eng weider Kontroll an d'Spidol. Weider heescht et vun der Police, datt et zum Virfall koum, well de Mann net opgepasst huet, wéi hien iwwer en Zebrasträife gaangen ass.

Géint 6.50 Auer e Méindeg de Moie gouf et en Accident op der RN26 tëscht Wolz an Noutem. Hei ass eng Persoun blesséiert ginn.

Op der A4 Direktioun Stad tëscht Féiz a Steebrécke koum et zu enger Kollisioun mat 3 Gefierer. 2 Persoune goufe verwonnt, wéi de CGDIS mellt.

Géint 12.45 Auer koum et tëscht Dummeldeng an dem Waldhaff zu engem weideren Accident. De CGDIS mellt hei 2 Blesséierter.

Um Sennengerbierg ass en Auto accidentéiert, eng Persoun gouf verwonnt an de Samu war am Asaz.

Zu Esch an der Rue Victor Hugo ass en Automobilist mat sengem Auto an e Potto gerannt.