De Mérite Jeunesse gëtt et zanter 1993 an zanterhier goufe scho vill Jonker domat fir hir Leeschtung ausgezeechent.

De Merite Jeunesse soll déi jonk tëscht 14 a 25 Joer dozou motivéieren, sech a véier verschiddene Beräicher ze engagéieren. Sport, Talent, Benevolat an Expeditioun. Huet een dat gemaach, da gëtt ee geéiert. Eng 100 Jonker kréien en Dënschdeg hire Mérite Jeunesse. Mir ware bei der feierlecher Zeremonie am Forum Geesseknäppchen dobäi. A Presenz och vum Ierfgroussherzog Guillaume an dem Prënz Guillaume.