Industrielle-Federatioun vergëtt Ëmweltpräis
Ënnert de 16 Projeten, déi zeréckbehale goufen, goufen dëst Joer Husky Technologies, Paul Wurth an d'Carrières Feidt ausgezeechent.
Fir de Guy Feidt, dem Patron vum Lëtzebuerger Familljebetrib, ass d’Renaturéierung vun de Carrièren direkt mat perséinlechem Engagement verbonnen.
"Dat ass mat der Zäit eng Passioun ginn. Et war schonn ëmmer eng Passioun. Mee wann een natierlech gesäit, deen Agrëff, deen een an der Natur mécht a wat herno kann draus entstoen, dat ass scho ganz passionant ze gesinn."
Carrières Feidt, dat si 6 Standuerter hei am Land an ee bei Bitburg. D'lescht Joer goufen op deene 7 Sitten, ronn 1,8 Milliounen Tonnen aus dem Buedem erausgeholl. A bessere Jore waren et alt iwwer zwou Milliounen.
"Dat geet iwwert d' Pierres naturelles, den Natursteen, de Fassonnage, Sculptage. Dat geet awer och fir Fournituren, Betoun, Asphalt. Dat heescht, dat ass schonn e ganz wäitgefächerte Beräich ginn, d'Carrière. An do derniewent ass natierlech, wat haut immens wichteg ass, dat sinn d'Renaturéierunge vun de Carrièren. Dat hëlt ëmmer méi eng grouss Bedeitung un an et ass och do, wou mer déi meeschten Zäit momentan drop verbréngen."
Am Duerchschneit läit d'Liewensdauer vun der Carrièren hei am Land nach tëscht 20 bis 25 Joer alt bis 30 Joer. Renaturéiert gëtt konstant.
"All Hektar, dee mer eraushuelen, dee gëtt direkt duerno renaturéiert. An dat ass am Fong e kontinuéierleche Prozess. Mir sinn all Dag amgaangen ze renaturéieren. Mat véier bis fënnef Leit, déi de Sculptage maache vun den Terrainen, d'Plantatioune maachen, den Entretien vun de besteeënde Renaturéierungen."
De Guy Feidt ass houfreg, op dat, wat bis ewell geleescht gouf. Um Beispill vun der Carrière vun Altwies.
"Dat ass eng Carrière, déi am Grès de Luxembourg ass. Do gëtt haaptsächlech Steen erausgeholl, Sand erausgeholl, alles wat Sous-bassement vun de Stroossen ass. Do ass elo keen Natursteen. Déi Carrière ass herno gefëllt ginn als Bauschutt-Deponie. A wéi deen Enkpass war u Capacitéiten, hu mer zesumme mam Environnement do probéiert, eng Rehausse hinzekréien. Wat eis gutt gelongen ass. An déi Rehausse, déi ass elo fënnef Joer laang fäerdeg. An do hu mer elo et fäerdeg bruecht, dat ze klasséieren als Zone d'Interêt national."
Geplanzt goufe 500 Uebstbeem, 2 Kilometer Hecken, ugeluecht gouf e Weier, an enger spezieller Mauer hale sech Ufer-Schmuewelen op. D'Renaturéierung géif ëmmer un déi eenzel Carrièren ugepasst ginn, sou de Patron. Deen awer och mat gemëschte Gefiller an d'Zukunft kuckt. Fir déi nächst 25-30 Joer wier d'Matière première nach geséchert. Wat duerno kënnt? De Stee wier do. Ma nei Carrièren op ze maachen, dat wier net evident hei am Land.