"Mir sinn eis Sue lass, mee hiren Numm ass net propper"
Alice Pauly a Juliana Mondot / © Pierre Jans
Eng Honnert Cliente vu Lëtzebuerger Banken, haaptsächlech vun der Bil, hu sech an engem informelle Grupp zesummegedoen, well si Affer vu Frauden goufen.
Zesumme krute si eng Millioun Euro geklaut. An si sinn net d’accord, datt et eleng hir Schold soll sinn. Ronn 40 vun hinnen hu sech elo en Affekot geholl, fir géint d’Banken vir ze goen.
Bei där Zomm mengt, d’Juliana Mondot.
"Wat mech e bësse stéiert, ass déi Nonchalance, déi déi Banken oder Institutioune vis-à-vis vun hire Clienten hunn."
Ee vun hinnen hätt no der Fraude eng Saisie op d’Pai kritt:
"A wann een dann déi Bréiwer gesäit, déi Bank zréckschreift, Ouni Ënnerschrëft, einfach Claim Management, du hues keng Persoun, mat däers de kanns schwätzen. Ier een an enger Bank un e Back Office kënnt, dat ass praktesch onméiglech.”
Nämmlechte Combat bei der CSSF, esou d’Juliana Mondot:
"Do kënnt guer näischt. Ech géif wierklech gäre wëssen, aus wat déi CSSF besteet. Ass dat wierklech e neutraalst Organ?"
Nämmlechten Combat bei Luxtrust, wann een e Relevé vun sengen Transaktiounen freet, fir ze kucken, wien dann elo wat falsch gemaach huet. Iwwer Telefon kann ee keng Ufro maachen.
"Iwwer Mail kritt ee keng Äntwert, da geet ee perséinlech dohin. Jo, et ass ok, ech ginn dat da weider. D’Mme war ganz léif – Dir waart e Mount drop."
Oder och alt zwee bis dräi Méint, wéi d’Alice Pauly gesot krut, wéi si wollt wëssen, wéini mam Luxtrust op hire Konnt zougegraff gouf.
"Et ass einfach fir ze wëssen, wat ech et oder war do nach een anere mat am Coup. Et geet mer am Fong geholl do drëms. Ech wëll dat einfach wëssen. Et betrëfft mech. Et sinn meng Donnéeën. Ech hätt dat gär."
Me Marc Theisen / © Pierre Jans
D’Experienz vun de Clienten ass am Resumé: D'Banken an d’CSSF ginn hinnen d’Schold a Luxtrust réckt net mat den Daten eraus, déi méiglecherweis de Géigendeel beweisen.
Den Affekot Marc Theisen, mat deem Affer vun de Bankefrauden zesummeschaffen, erkläert, datt d’Reaktivitéit vun de Banken net esou instantanée ass, wéi d’Virementen.
"Dann huet deen een héieren, et ass elo Freiden Owend, mir kënnen elo näischt méi maachen. Oder: d’Sue si scho fort. Oder mir kucken emol no. Oder aner Reaktiounen, déi komm sinn: Jo dann hutt dir ee Feeler gemaach oder net opgepasst, da musst der bei d’Police goen an mol eng Plainte maachen."
Sou geet Zäit verluer, fir Suen zréck ze ruffen. An d’Banke wieren och selwer duerch hir Anti-Blanchimentsreegele gehalen, d’Frauden ze mellen. Ee Client, dee Plainte mécht, erkläert de Marc Theisen, muss herno waarden, bis d’penal Prozeduren ofgeschloss sinn, fir eng Bank um Zivil unzesichen. Sou dauert et nach méi laang, bis méiglecherweis Sue mussen zréckbezuelt ginn.
Vu, datt vill Fäll bei enger Bank sinn, freet hien:
"Sinn do vu Säite vun de Banken, sinn do intern déi noutwenneg Systemer oder Alarmsystemer, bestinn déi do, fir esou effizient z’agéieren?"
Verschidde Clienten krute grouss Zommen op ee Coup ofgebucht. De Marc Theisen seet:
"Déi Suen, déi sinn dann op ee Kont komm, dat kann bei der Bil selwer gewiescht sinn, dat kann, hunn ech och mol gesinn bei eng aner Bank hei zu Lëtzebuerg gewiescht sinn, dat kann och de Fall gewiescht sinn, datt d’Suen direkt an d’Ausland gaange sinn."
D’Fraudeuren hätten also trotz allen Kontroll-Obligatiounen deemno selwer Konten bei de Lëtzebuerger Banken kënnen opmaachen.
Och dowéinst stellt de Marc Theisen de Banken hir Responsabilitéit a Fro.
D’Juliana Mondot mengt, dat wier och net gutt fir d’Reputatioun vun der Lëtzebuerger Bankeplaz.
"Mir sinn eis Suen lass, mee hiren Numm ass net grad propper."
Den Affekot Marc Theisen préift elo déi eenzel Dossieren a kuckt, wéi ee viru geet. Mat der Bank negociéieren hätt wuel net vill Wäert, sou wéi se bis well reagéiert hätt.