D'Gewerkschaft hat dës Instanz saiséiert, well d'Verhandlungen iwwert de Kollektivvertrag, vun deem eng 1.000 Leit betraff sinn, an der Sakgaass stiechen.

Um Freideg hunn déi zwou Säiten hir Positioun duergeluecht a well sech an deene leschte 4 Wochen näischt méi gedoen huet, ginn et nach ëmmer ganz grouss Ecarten, heescht et vum OGBL. D'Gewerkschaft begréisst awer, datt d'Patronatssäit iwwerhaapt do war. Dat wier en Zeechen, datt een eng Léisung wéilt fannen. 
 
Op Demande vum Syndikat vun den Apdikter ass deen nächste Rendezvous op der Conciliatioun Méindes de 15. Dezember. 
 
E giedelegen Dag fir den OGBL. D'Gewerkschaft organiséiert nämlech Samschdes den 13. Dezember e Protestpiquet an der Stad, net wäit ewech vun der Apdikt, déi dem President vum Syndikat vun den Apdikter gehéiert.
 
Haaptknackpunkte sinn d'Salairen, déi dem OGBL no queesch duerch d'Karriären ëm 8 Prozent misste klammen, de Gardesystem an d'Congésdeeg. De Kollektivvertrag ass iwwer 20 Joer al, dofir wieren d'Chantieren och méi grouss.