Regierungsrot
D'Autosassurance op Pabeier ass geschwënn och digital
Nieft der traditioneller Versioun kann d'Attestatioun an Zukunft och am elektronesche Format ausgestallt ginn.
D'Changementer bei der Grénger Kaart, déi entretemps wäiss ass, gëlle vum 1. Januar un. De Regierungsrot huet dat festgehalen.
Feu Vert dann och fir déi nei Tramslinn, déi vun der Stäreplaz iwwer d'Areler Strooss bis de de Centre Hospitalier geet.
Am Conseil de Gouvernement goufen dann nach Amendementer fir d'Gesetz vum abordabele Logement ugeholl.
Ënner anerem gi gréisser Renovatiounen notamment am energeetesche Beräich méi staark subventionéiert.
Da gouf nach an der medezinescher Nomenclature eng Rubrik "Ëmweltmedezin" agefouert.
Am meeschte gelies