6 Blesséierter no Accident zu Bieles an Aarbechtsaccident zu Heeschdref
© RTL Archivbild
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Freideg am Nomëtteg zu zwee Virfäll op eise Stroossen. Zu Heeschdref koum et iwwerdeem zu engem Aarbechtsaccident.
Géint 15.15 Auer hate sech zwee Autoen um Boulevard du Jazz zu Bieles ze pake kritt. Wéi aus dem 112-Bulletin ervirgeet, goufen am Ganze sechs Persoune blesséiert. Méi Detailer sinn net gewosst. D'Rettungsekippe an d'Pompjeeë Sadiff an Esch souwéi eng Ambulanz vu Beetebuerg an den Escher Samu waren am Asaz.
Gerabbelt hat et do virdrun nach zu Luerenzweiler, dat um 14.45 Auer. An der Lëtzebuergerstrooss war ee Chauffer an ee geparkten Won gerannt a gouf verwonnt.
En Aarbechtsaccident gouf et dann nach e Freideg am Nomëtteg zu Heeschdref. En Aarbechter war do aus dem zweete Stack vun engem Gebai gefall. Hie koum blesséiert an d'Spidol. Op Nofro bei der Police huet et geheescht, et géif keng Liewesgefor bestoen.