Brauch et an der Fonction publique eng onofhängeg Ulafstell fir Fäll vu Mobbing? Dat hunn dës Woch op alle Fall zwee Syndikater vum OGBL gefuerdert.

SI hu sech op eege Sondagë baséiert, deenen no iwwer 60 Prozent vun de Befroten d'Gefill hunn, datt ni oder net ëmmer respektvoll op hirer Aarbecht kommunizéiert gëtt. Dorobber ugeschwat, seet de Minister vun der Fonction publique Serge Wilmes, datt him d'Wuelbefanne vun de Leit am ëffentlechen Déngscht ganz wichteg wier. Et hätt ee bannent engem Joer zwee grouss Sondagë gemaach, bei deene rauskomm wier, datt ronn 80 Prozent vun de Mataarbechter hir Aarbechtskonditiounen als gutt beschreiwe géingen. Déi aner Stëmme géing een awer seriö huelen. D'Fuerderung no enger zousätzlecher Ulafstell gesäit de Minister trotzdeem éischter skeptesch.

"Mir fannen, datt déi Prozedur, wéi se haut leeft, garantéiert, datt am Fall vun engem Feelverhalen et muss weidergoen un de Kommissär, deen en charge ass vun der Commission disciplinaire, an dee wäert dann op Basis dovunner eng Enquête maachen à charge et à décharge. An um Schluss dovunner kann ee juristesch feststellen, ëm wéi ee Feelverhalen et sech handelt an dat da weiderginn un de Conseil de discipline, deen da wäert Sanktiounen huelen."

Lo géing ee Questionnaire un déi verschidden Direktiounen an och aner Servicer beim Staat, déi Personal geréieren, erausgoen. Op Basis vun de Resultater géing een dann am Fréijoer nees mat de Gewerkschafte schwätzen.

Op d'Kritik vum Mouveco ugeschwat, datt hie sech als Ëmweltminister net géint aner Ministeren duerchsetze géing, ass et dës Äntwert vum Serge Wilmes:

"Et ass evident, datt Naturschutzverbänn, wéi zum Beispill de Mouveco, ëmmer ganz kritesch si mat alleguerten den Ëmweltministeren, egal wéi eng politesch Faarf se hunn, dat ass bei mir dann och net anescht. Ech fleegen awer ee ganz konstruktiivt Verhältnis och zum Mouveco. Mir sëtzen eis zesummen, fir kënnen iwwert eenzel Dossieren ze schwätzen, datt do net eng 100-prozenteg Unanimitéit besteet, dat ass eben normal."

D'Stëmmung am Ëmweltministère wier iwwerdeems besser wéi rezent an der Presse beriicht gouf. De Serge Wilmes ënnersträicht dann och, datt ënnert him fir d'éischt eng Etüde iwwert d'Zefriddenheet an deem Ministère gemaach gouf.