D'Verréckele vun der iwwernächster Indextranche bedeit, dass mer an Zukunft ëmmer hannendru lafen, sou den Nico Hoffmann, President vun der ULC.

Kafkraaft, Indexmodulatioun, Politik um Bockel vun der Mëttelschicht, eng Politik, déi ëmmer méi wäit ewechréckelt vun de Leit hiren tatsächleche Suergen. Dat sinn nëmmen e puer Iwwerleeunge vum Konsumenteschutz.

Dem President vum Konsumenteschutz Nico Hoffmann no gi mer vun der Tripartite bei d'Lisette gelooss. D'Verréckele vun der iwwernächster Indextranche bedeit, dass mer an Zukunft ëmmer hannendru lafen.

D'Offer vun der Regierung, d'Präisser vun de Pëtrolsproduiten ëm 7,5 Cent de Liter erofzesetzen, wier lächerlech. Iergendwéi huet een d'Impressioun, dass d'Regierung ëmmer méi wäit ewech ass vun de Leit hire Suergen, esou den Nico Hoffmann.

Eng vu ville Fuerderunge vum Konsumenteschutz un d'Regierung ass een Upasse vun der Steiertabell un d'Deierecht, méi Bäiträg, déi vun de Steiere kënnen ofgesat ginn, eng iewescht Limitt bei den Energiepräisser, manner Accisen an TVA an d'Aussetze vun der Co2-Steier.