Keng generell Maskeflicht méiWéi liewen déi Vulnerabel mat de Lockerungen?

RTL Lëtzebuerg
Mëll bedeit net harmlos, och den Omikron ka schwéier Verleef provozéieren, besonnesch bei Leit mat Virerkrankungen.
Wéi liewen déi Vulnerabel mat de Lockerungen?
Mëll bedeit net harmlos, och den Omikron ka schwéier Verleef provozéieren, besonnesch bei Leit mat Virerkrankungen.

An déi liewen net all an Alters- a Fleegeheemer, vill stinn och matten am Liewen a gi schaffen oder hu Kanner, déi an d’Schoul mussen.

D’Noemie Sunnen ass ënnert dëse vulnerabele Leit, huet ALS – Amyotrophe Lateralskleros. Dëst ass eng schwéier an degenerativ Krankheet, déi Nervenzellen an domat ënnert anerem d’Kontroll vu Muskele schiedegt an esou Lämunge provozéiert. Schonn elo huet si just nach 50% Prozent vun hirer Longefunktioun, eng Infektioun kéint irreversibel Suitten hunn, wou si villäicht um Enn guer net méi selwer ootme kéint. Net nëmme si, och hir Famill, virop hir Kanner si besuergt, datt si sech grad elo kéint ustieche mam Virus.

Wat deemno fir déi meescht méi Fräiheet bedeit, bedeit fir Risikopatienten, d’Gefor ze evitéieren. Maske ware grad fir si e ganz wichtege Schutz virun enger liewensbedreelecher Corona-Infektioun. Vill Etüden hunn et mëttlerweil beluecht: besonnesch d’FFP2-Maske schützen virun enger Infektioun, am beschten, wa jiddereen eng unhuet. Deemno ass et net verwonnerlech, datt d’Mënschen, déi zu de Risikogruppe gehéieren, sech elo nees éischter isoléieren a vill Situatioune meiden. Akafen, bei den Dokter oder an d’Apdikt goen, déi Saachen, déi een net evitéiert kritt, dobäi hu si elo en éischter mulmegt Gefill. Am Reportage erzielen d’Noemie Sunnen an d’Presidentin vun der ALAN, d’Shirley Feider-Rohen, wéi si dës Zäit erliewen. D’Expo RaReflextions vun der ALAN an der Fotographin Sophie Margue ass vun dëser Woch un a bis Enn Mee am Chem ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO