RTL-Readers' Choice - Beschte BurgerDe "Flux" op der Hierheck ass de klore Gewënner

David Winter
Mir hunn nees gefrot, Dir hutt eis är Meenung gesot. Hei sinn Är Top 10 Plazen hei am Land, op deenen een e gudde Burger iesse kann.
© RTL

Den Hamburger. Ëmmer nach déi ongeschloen Ikon ënnert der grousser Mass u Fast-Food-Snacks, déi ee mëttlerweil offréiert kritt. Sief et aus dem Drive-In, op engem Duerffest, engem Sportevent niewent Mettwurscht an Thüri... pardon, Grillwurscht, oder einfach doheem am Gaart um Grill: De Burger huet viru ville Joerzéngte schonn de Wee an eis Iess-Kultur fonnt an ass praktesch iwwerall op der Welt, bei Jonk an Al bekannt, beléift an net méi ewech ze denken. Séier gemaach, einfach a lecker.

Mir sinn éierlech, seele gouf e Plat sou dacks gefrot fir Kandidat bei der Ëmfro vum RTL-Readers’ Choice ze ginn, wéi dësem absolutte Kult-Klassiker. A wann mer eis d’Zuel u Leit ukucken, déi dës Kéier matgemaach hunn, koum dat och net vun ongeféier. Ob beim Foodtruck, am Bistro, am Restaurant oder soss enzwousch, wou een ausser Haus e gudden Hamburger kritt, et koume ganz vill Proposen eran.

Mir hunn d’Stëmmen ausgezielt, hei sinn är Top 10 Plazen, fir zu Lëtzebuerg e Buerger ze genéissen!
*All d’Plazen, déi sech an den Top 10 kënne placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 zu Lëtzebuerg gehéiert. Iwwer 3.500 Persounen hu bei der Ëmfro matgemaach.

Readers’ Choice Top 10: Beschte Burger zu Lëtzebuerg

Plaz 1: Flux

Ouverture: August 2017
Adresse: 5 Bousserstrooss, 9144 Hierheck Esch-Sauer
Kontakt: 26889543
Online: https://www.fluxburgers.com/
Beléifste Burger: Smash-Cheesburger mat Flux-Sauce oder Andalouse (*keng fest Kaart, et stellt ee sech säi Burger am Flux selwer zesummen)

De Volleksmond behaapt jo, dass, wann een eng Iddi huet, en Dram, deen ee verwierkleche wëll, een dëst an den USA maache soll. Ma dass den American Dream och op der Hierheck am Norden zu Lëtzebuerg Realitéit ka ginn, dat beweist ganz kloer de Burger-Diner “Flux”. Hei huet de Gregory Reinertz, selwer zu 50% US-Amerikaner, nämlech einfach mol sou, direkt un enger Tankstell op enger Landstrooss e Burger-Restaurant op ze maachen, dat natierlech ganz am US-Diner-Look, wat fir hien direkt kloer war.

Scho wéi de Greg (wéi vill Leit de Besëtzer vum Flux nennen) nach e Kand war, ass hie praktesch all Summer mat senger Mamm an d’USA geflunn, huet also vu jonkem Alter un d’Gespier entwéckelt, wat e gudde Burger ausmécht.

“Si maache Burgeren, wéi op kenger anerer Plaz op der Welt. An ech war jonk, ech hat ëmmer sou e wéineg den ‘Entrepreneur’ a mir, dat hunn ech vill vu mengem Papp. An ech hat ëmmer de Wëllen sou en ‘Old-School-Diner’ opzemaachen”
Gregory Reinertz (Flux)

Bouneschlupp a Kniddelen wieren zwar ganz gutt, ma d’Inspiratioun déi hien an de States ëmmer nees gesammelt huet, virun allem punkto “Burger-Inovatioun”, huet him keng Rou gelooss. Hie wollt sou eppes och zu Lëtzebuerg hunn, virun allem méi nërdlech vum Zentrum, eben e Stéck Amerika op der Hierheck.

Säi Papp hätt iwwregens ëmmer wollten eng Frittebud opmaachen, ma hie selwer huet sech, wéi d’Geleeënheet bis do war, direkt dru gemaach an Neel mat Käpp gemaach, zielt hien am Interview. Konzentréiert gëtt sech am Flux komplett op de Smash-Burger, enger Burger-Variant, déi am Moment ganz populär ass an, wéi soll et anescht sinn, aus den USA kënnt. Heibäi gëtt de Burger-Patty, also d’Fleesch, op de Grill geluecht a mat enger gudder Portioun Drock platt gedréckt. Sou gëtt de Patty extra dënn a virun allem extra knuspreg op de Säiten. An domadder net genuch: Et kann ee sech säi Burger komplett selwer zesummebauen, fräie Choix wat d’Brout, d’Fleesch, d’Zooss an d’Bäilage betrëfft, dat fir e faire Präis. Déi Kombinatioun ass dem Grënner vum Flux wichteg an den Erfolleg gëtt ëm Recht: zënter Juli ass säin zweeten Diner zu Ettelbréck op, an eréischt virun e puer Wochen en drëtten zu Buer. Iwwerleeungen fir eventuell eng Kéier an der Stad e Burger-Shop opzemaachen, géifen et souguer och scho ginn, ma nach keng konkret Pläng.

A Kombinatioun mat héich-qualitative lokalen a regionale Produiten, zum Beispill Angus-Fleesch als Standard, dat zu engem méiglechst déiwe Präis kënnt d’Konzept vum Flux definitiv bei de Leit un, d’Stéck USA ass am Grand-Duché ukomm an huet sech massiv erëmgeschwat. Souguer de weltbekannte brittesche Youtuber a Rapper KSI war zejoert am Flux a war wéi et schéngt och iwwerzeegt, wéi een hei am Video gesäit:

An natierlech, sou de Gregory Reinertz am RTL-Interview, wier et extrem wichteg, dass d’Qualitéit vum Burger an de Bäilagen ëmmer héich ass, dat konstant, Dag fir Dag, ouni d’Kreativitéit bei der Kreatioun vun de Burgeren aus den An ze verléieren.

De Flux huet iwwregens an dëser Editioun e Rekord gebrach, an zwar huet bis ewell nach ni e Kandidat esou vill Stëmme kritt, wéi et de Burger-Diner op der Hierheck gepackt huet. Gratulatioun dem Flux an der ganzer Ekipp fir dëse genialen Exploit an natierlech och fir déi éischte Plaz an eisem Ranking.

Plaz 2: Urban

Ouverture vum Restaurant: 2002 (Kichen zënter 2005)
Adress: 2 Rue de la Boucherie, 1247 Ville-Haute Luxembourg
Kontakt: 23 66 84 06
Online: https://www.urban.lu
Beléifste Burger / Signature Burger: Smash-Burger a “Beast"-Burger

Zënter 2007 scho ginn am Urban an der Stad Smash-Burgeren zerwéiert, also laang iert dësen Trend iwwerhaapt mol réischt an Europa eriwwer geschwappt ass, respektiv iwwerhaapt ee war, erzielt eis den Tom Hickey, ee vun de Grënner vum Urban, deen et schonn zënter 2002, also 23 Joer laang, gëtt. An dorop ass een och houfreg, dass een do senger Zäit deels viraus war.

“We smashed a lot of Burgers over the last 20 years and we did it, before it became a ‘trend’”
Tom Hickney, Mat-Grënner vum Urban

Jee nodeem wéi eng Zäit vum Joer et ass, variéieren och d’Preferenzen bei de Clienten. Am Moment wier et definitiv de Smashburger, ma och de “Beast” - ee mat “slow-cooked” Beef-Brisket beluechte massive Burger, sou den Tom Hickey. D’Fleesch gëtt 12 Stonne laang lues awer permanent gekacht, iert en dann op de Burger kënnt. Den Hickey selwer kënnt aus enger Metzler-Famill, gutt Fleesch wier “onheemlech wichteg”. “Idealerweis brauch een héich-qualitatiivt, lokaalt Fleesch, mat engem gudde Verhältnis tëscht Fleesch a Fett”. D’Fleesch dat am Urban fir d’Patties benotzt gëtt, huet 15% Fett an et gi keng speziell Gewierzer oder soss en Zousaz benotzt. Peffer a Salz, that’s it. De Burger soll einfach awer héichwäerteg an der Qualitéit an am Goût sinn.

Ma direkt hannendrun géif dann awer de Burger-Bun kommen, also d’Brout, dat de Patty an déi aner Ingredianten am Burger zesummenhält an et engem erméiglecht, säin Hamburger an de Grapp ze huelen. Och d’Brout gëtt am Urban selwer gemaach, dat mat Gromperen, méi genee mat “sweet potatoes”, fir e sou ganz mëll an zaart japanesche Buns hierzestellen. Et gläich dem Brioche-Brout, ma ass awer eppes ganz anescht. Kombinéiert mat enger gudder Zooss, déi een natierlech och selwer am Urban mécht, géif de perfekte Burger entstoen.

Plaz 3: A Bau

Ouverture vum Restaurant: Abrëll 2019
Adress: 1 Am Dueref, 7651 Heffingen
Kontakt: 26870706
Beléifste Burger / Signature Burger: Jalapeño-Burger a Special-Burger (mat Speck an Ee)
Online: Facebook-Säit

Wann ee bei d’Martine Schmit, d’Patrone vum Café “A Bau” zu Hiefenech, fréier Patrone vum “Little Woodstock”, iesse kënnt, fillt een direkt den alternative Charme vun dëser Plaz, e Konzept, dat Si scho ëmmer gefleegt huet. Ufanks huet d’Martine Schmit nämlech “just” e Café geleet, post-Covid géif dat awer net méi duergoen, fir Clienten unzelackelen. De Burger huet sech do séier ugebueden, well e laut Gesetzeslag einfach als “Snack” ugebuede ka ginn. Aus enger Reaktioun op den ekonomesche Wandel ass eng Zorte Passioun entstanen, d’Panoplie u Burgeren ass no an no ëmmer méi gewuess. Iergendwann dunn war een um Punkt, wou all Mount en neie Burger kreéiert gouf an Enn dës Mounts nees erausgeflunn ass.

Déi gutt Placéierung an eisem Readers’ Choice Ranking erkläert sech d’Martine Schmit mat der gudder a grousser Stamm-Clientèle, déi mat de Joren och zu Frënn gi sinn oder scho virdru Frënn waren an enger Portioun Reklam via QR-Code. Ma et ass awer definitiv och de Produit deen ugebuede gëtt, deen hei zielt. Et wiere frësch Wueren déi benotzt ginn, d’Burgeren wiere kreativ, awer net sou ausgefalen, dass et engem an sech net méi wierklech schmaacht. Dëse Spagat ze fanne wier wichteg, dacks muss de Client souguer als Test-Iesser hierhalen, sou d’Patrone vum A Bau mat engem klenge Clin d’oeil. Eng spannend Kreatioun, déi viru kuerzem nach vir e Mount konnt bestallt ginn, war e Burger mat Munster-Kéiss a Confit d’oignons. Um Enn war et dee Special-Burger, deen am dackste verkaaft gouf.

Och wann een nëmmen ee Joer viru Corona seng Dieren opgemaach huet an dono mam Ausbleiwen vun de Clienten e wéineg an e Lach gefall ass, sinn déi aktuell Clienten awer wéi et schéngt komplett vum “A Bau” iwwerzeegt. Bei deene ville Méiglechkeeten zu Lëtzebuerg e Burger z’iessen ass et definitiv eng Leeschtung an d’Top 10 ze kommen.

Plaz 4: Lux’burgers

Adress: 17 Rue de Bonnevoie, 1260 Garer Quartier Lëtzebuerg
Kontakt: 26190070
Online: Facebook-Säit

Plaz 5: Free Time Café

Adress: 90 Rue de la Gare, 4460 Belvaux Sanem
Kontakt: 28203684
Online: Facebook-Säit

Plaz 6: Grill Buddys (asbl)

Mail: info@grillbuddys.lu
Kontakt: 621282566
Online: Facebook-Säit

Plaz 7: LëtzeBurger

Adress: 120 Rte d’Arlon, 8008 Strassen
Kontakt: 20304202
Online: https://letzeburger.lu

Plaz 8: Peaky Burgers

Adress: 21 Rue de la Liberation, 3510 Dudelange
Kontakt: 28208897
Online: https://www.peakyy-burgers.lu/

Plaz 9: Twinz

Adress: 31 Rue Hiel, 6131 Junglinster
Kontakt: 621411182
Online: https://twinz.lu/

Plaz 10: The Spot

Adress: 25 Rue Notre Dame, 2240 Ville-Haute Luxembourg
Kontakt: 26959244
Online: https://www.thespot.lu/de/

Dës Plazen hunn et sou just net an d’Top 10 gepackt: De Melteez zu Déifferdeng, den Northbay zu Bouneweg, de BB’s Diner zu Gréiwemaacher an d’Lënster Stuff zu Jonglënster.

LINK: RTL-Readers’ Choice - Bescht Pizza
LINK: RTL-Readers’ Choice - Beschte Kebab
LINK: RTL-Readers’ Choice - Beschte Sushi
LINK: RTL-Readers’ Choice - Beschte portugisesche Restaurant
LINK: RTL-Readers’ Choice - Bescht Kniddelen
LINK: RTL-Readers’ Choice - Bescht vegetarescht/vegaant Iessen
LINK: RTL-Readers’ Choice - Bescht Glace
LINK: RTL-Readers’ Choice - Bescht Bouchée à la Reine

Back to Top
CIM LOGO