Traditioun e bëssen anescht
Eng Traditioun muss mat der Zäit matgoe fir ze iwwerliewen. Dofir gouf de Brauch zu Rued-Sir dëst Joer nei erfonnt. Hei koum nämlech en Trakter an d'Spill.
Et rabbelt a laut nees an den Dierfer. D'Kanner gi klibberen! Am Volleksmond heescht et jo, datt d' Klacke vun der Kierch iwwer Ouschteren op Roum pilgere fir ze beichten. D'Klibberjongen- a Meedercher iwwerhuelen an där Zäit hiren Déngscht. D'Traditioun soll elo och op den Inventaire vum Lëtzebuerger Kulturierwe kommen.
D'Lidder a Klibbertexter kënne jee no Regioun änneren. "Et laut fir d'Mëttesklack", sangen se zu Rued-Sir. Zu Präiteler kréien d'Leit e gudden Appetit gewënscht.
Am Kader vun hirer Demande, fir d'Klibberen op d'Lëscht vum Lëtzebuerger Kulturierwen ze setzen, haten d'Lëtzebuerger Massendénger eng Ëmfro lancéiert. Do hätt sech kloer gewisen, datt d'Detailer vum Brauch variéieren, erkläert d'Tanja Konsbruck. 60 Säite si bei der Demande zesumme komm. Haaptsächlech d'Texter aus den ale Schoulbicher stinn dran. Deemools gouf d'Klibberen nach an der Schoul thematiséiert. Haut ass d'Traditioun net méi am Programm. D'Klibberen hätt zwar reliéis Wuerzelen, wier iwwer d'Joren awer méi an den traditionelle Brauch iwwergaangen, mengt och de Paschtouer aus de Géigende Musel a Sir, Guy Diederich. Eng Traditioun misst mat der Zäit matgoe fir ze iwwerliewen. Zu Rued-Sir gouf deen ale Brauch dëst Joer dofir nei erfonnt. Dës Joer goufen d'Klibber-Ekippe mam Trakter duerch d'Nopeschdierfer gefouert. De Paschtouer weist sech frou, datt esou vill Kanner doduerch nees Interessi um Brauch fonnt hunn. Virfreed fir matzegoen, war zemools bei deene Klenge grouss. Dem Carina seng Mamm war schonns bei de Massendénger an dat jonkt Meedchen huet sech laang wéi geckeg gefreet, fir al genuch ze si fir matzegoen. De Louis ass gären ënnert de Kolleegen a mécht de Leit gären eng Freed.
D'Demande, fir d'Klibberen op den Inventaire ze setzen, leeft den Ament. Da wier d'Traditioun Deel vun der Sensibiliséierungscampagne a géif och am Cours thematiséiert ginn.