An der Chamber ass en Dënschdeg de Mëtteg och iwwer den IRM zu Gréiwemaacher diskutéiert a gestridde ginn. Vill Neits koum net derbäi raus.

Virun enger knapper Woch ass um Potaschbierg zu Gréiwemaacher e Radiologie-Zenter opgaangen - mat IRM an ouni déi néideg gesetzlech Basis. D’CSV an de Maacher Deputé-Maire Léon Gloden hunn en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber gefrot, datt séier en Text vun der Regierung soll komme fir eng Regulariséierung.

Eleng fir de Potaschbierg soll et awer net eng Léisung ginn. Mat deem Zenter wär ee virun de Won gelaf, wuel wëssend, datt déi gesetzlech Basis fir sou en Zenter baussent Spidolsstrukture feelt, sot d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Extrait Paulette Lenert

"Ech géif gären ënnersträichen, dass mir bestrieft sinn, fir eng global Léisung, fir eist Land en place ze kréien. Mir maachen hei net e Gesetz fir de Potaschbierg. Mir sinn op enger Schinn ënnerwee, mëttlerweil säit 2 Joren, déi a Richtung geet vun enger Planung am extra hospitalier an déi soll generell gëlle fir jiddereen, deen esou eppes wëll ubidden, sollen déi selwecht Rahmenbedingunge gëllen. Déi Rahmenbedingunge sinn extrem wichteg an eisen Aen, sou dass dat net wäert eng schnell legislativ Léisung sinn, fir eppes ze regulariséieren, wou een, contrairement zu deem wat e geschriwwe krut, opgemaach huet. Mir hate schrëftlech drop opmierksam gemaach, dass et an eisen Aen net konform ass zu den Ausféierungsbestëmmunge vum Spidolsgesetz."

Am Sënn vun de Patienten huet een net direkt zougemaach a sicht eng pragmatesch Léisung, huet d’Ministesch Lenert ënnerstrach. Deen Ament misst awer de Radiologie-Zenter un e Spidol gekoppelt ginn. Sou Gespréicher géife lafen, mä bis ewell nach ouni Resultat.